Op den Inhalt sprangen

Gare Mamer-Lycée

Vu Wikipedia
Gare Mamer-Lycée
An der Gare Mamer-Lycée, a Richtung Mamer gekuckt (2025)
Typ Gare
Status am Gebrauch
opgaang 2003
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Mamer
Koordinaten 49°37'6,157"N, 6°1'46,927"O
Héicht i. M. 300 m
Reseau
Statiounscode Mr-L
Bedreiwer CFL
Streck(en) CFL-Linn 5
P.K. 8,660 km
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 280.615
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Bartreng-Stroossen,
Gare Mamer
Kaart
Lag vun der Gare Mamer-Lycée

D'Gare Mamer-Lycée ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Flouer Ënnescht Malemter, westlech vum Schoulcampus Tossebierg, an der Sektioun Bartreng-west vun der Gemeng Bartreng. Bei d'Gare kënnt ee just zu Fouss oder mam Vëlo.

D'Gare Mamer-Lycée gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Bartreng-Stroossen an där vu Mamer.

Fir op de Quai op der aner Säit ze komme gëtt et en ënnerierdesche Passage, deen och fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit accessibel ass. D'Liften op all Quai schénge fir zerguttst zougemaach ginn ze sinn(Stand: Mäerz 2025).

D'Gare Mamer-Lycée ass haaptsächlech geduecht fir d'Schüler vum Campus Tossebierg, d. h. vum Lycée Josy-Barthel a vun der Europaschoul II a se gëtt dowéinst just ënner der Woch vu 7 Auer moies bis 8 Auer owes ugefuer.

Wéi d'Gare gebaut gouf, war d'Streck nach ënner 3.000 Volt elektrifizéiert, d'Catenairspottoen déi opgestallt goufen, waren awer schonn ausgeriicht fir kënne mat 25.000 Volt ze funktionéieren.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Dezember 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Klengbetten ↔ (Arel - Libramont)

[änneren | Quelltext änneren]

Richtung Klengbetten

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Bartreng-Stroossen   RB   Mamer Klengbetten oder Libramont

Richtung Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

 Commons: Gare Mamer-Lycée – Biller, Videoen an Audiodateien