Gare Klengbetten
| |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() | |||||
Streck | 5 2 (bis 1967) | ||||
PK | 17,830 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 4 | ||||
Uertschaft | Klengbetten | ||||
Gemeng | Stengefort | ||||
Kanton | Capellen | ||||
Koordinaten | 49° 38’ 37’’ N 5° 54’ 58’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Klengbetten ass eng Gare op der CFL-Linn 5 tëscht der Gare Capellen vun der Lëtzebuerger Eisebunn an der belscher Grenz. Nieft der Gare ass d'Barrière um CR106 respektiv CR110.
D'Linn 5 féiert vu Lëtzebuerg bis op Klengbetten a weider op d'belsch Grenz, wou se iwwer d'Infrabel-Linn 162 Uschloss un dat belscht Netz an Direktioun Arel huet.
Si huet an der Gare vu Klengbetten en Uschloss un d'Atertlinn, déi zanter 1967 vun do nach just bis op Stengefort féiert. Se huet och e Gleisuschloss fir d'Klengbettener Millen.
Eng Bus-Gare ass direkt nieft der Gare.
Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]
D'Gare Klengbetten läit op Nummer 17 an der rue de la Gare a bitt:
- en Automat fir Billjeeën;
- eng Trap fir op déi aner Säit vun de Schinnen ze kommen;
- e gratis Park & Rail-Parking mat 138 Plazen, fënnef Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit a 6 Vëlosplazen;
- eng Vëloskëscht (mBox);
- e Waardesall.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert war Betteng, wéi grouss Deeler vum Land, gréisstendeels isoléiert. Nodeem op belscher Säit eng Eisebunnsverbindung tëscht Bréissel an Arel, déi haiteg Linn 162, gebaut gouf, konnt op lëtzebuergescher Säit eng Verlängerung vun där Streck bis an d'Stad gebaut ginn. Déi ass, ënner dem Numm Westbunn, gebaut ginn a konnt de 4. Oktober 1859 no relativ kuerzer Bauzäit ageweit ginn. Zäitgläich gouf och eng Gare gebaut déi deemools nach Betteng geheescht huet.
Déi Gare war als Grenzgare konzipéiert an huet um Ufank aus 4 Gleiser, 2 Quaien, enger Dréischeif, engem Schapp fir Lokomotiven an engem Waasserreservoir bestanen. 1894 gouf zu Klengbetten d'Millen ageweit an et muss en zousätzlecht Gleis fir den Oftransport gebaut ginn.
1895 ware 15 Gleiser an der Gare, wat awer nëmme fir kuerz Zäit duergaangen ass, bis du weider Gleiser hu misse gebaut ginn. 1897 gëtt d'Gare offiziell op Klengbetten ëmgedeeft. Wéi dunn 1899 en zweet duerchgängegt Gleis bis an d'Belsch geluecht gouf, gouf et an der Gare schonn 21 Gleiser.[1]
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Capellen | RB CFL-Linn 50 |
Terminus oder Arel |
Terminus oder Arel |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Klengbetten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Klengbetten op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Klengbetten op der Websäit "rail.lu"
- Kleinbettingen op der Websäit Spoorgroep Luxemburg
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Tafel bei der Gare, Stand 7. August 2011
| |||
Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer-Lycée - Mamer - Capellen - Klengbetten
|