Stadion vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Stade de Luxembourg)
Stadion vu Lëtzebuerg
Baujoer 2017 - 2021
Koordinaten 49° 34’ 37.7’’ N
      6° 06’ 56.63’’ O
Kapazitéit
Total 9.471 (Rugby a Foussball)
15.000 (Concerten)
Sëtzplazen 9.385 (gedeckt)
Dimensiounen 105 × 68
Ënnergrond Hybridwuess


De Stadion vu Lëtzebuerg (fr: Stade de Luxembourg)[1] ass e Sportstadion haaptsächlech fir Foussball a Rugby, dee vun 2017 bis 2021 tëscht der Cloche d'or an der Kockelscheier gebaut ginn ass[2]. E gouf de 25. September 2021 a Presenz vum Groussherzog offiziell ageweit.[3]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Josy-Barthel Stadion gouf 1989-1990 renovéiert, fir datt en een neie Look konnt kréien an en dann och méi Plazen hat. 2012 war bekannt ginn, datt de Stadion renovéiert muss gi well soss keng international Matcher méi drop gespillt kéinte ginn. Et goung awer net virun. Dofir gouf den deemolegem UEFA President Michel Platini vun der FLF invitéiert, fir datt d'Renovatioun méi séier un d'Lafe kéim. Hie sot souguer, datt et de schlechtste Stadion wier, deen e jeemols gesinn hätt. D'Aarbechte koumen awer net virun, sou datt am Januar 2014 bekannt gouf, datt e komplett neie Stadion gebaut géif. Dofir gouf och noch en däitschen Architektebüro Gerken, Marg und Partner mat der lëtzebuergescher Architektenéquipe BENG engagéiert. Et gouf vill Drock gemaach, fir datt d'Architektenekippen séier e Plang fir den neie Stadion sollte maachen. 2015 koum de Bauplang dann och eraus an d'Aarbechten hätte kënne lassgoen. Den Ufangsdatum vun den Aarbechte war 2017 an de Bau vum Stadioun hätt scho sollen 2019 fäerdeg sinn. Am Abrëll 2019 gouf de Mee 2020 als Ofschlossdatum ugekënnegt[4], awer wéinst Retarden an dem Baustopp am Kader vun der COVID-19-Pandemie gouf och deen Delai iwwerschratt, soudatt déi geplangt Ouverture am September/Oktober 2020 op de Mäerz 2021 geréckelt gouf[5].

En éischten „Testmatch” war de 14. Juli 2021, iwwerdeems den éischten offizielle Foussballsmatch den 1. September 2021 war, wéi d'lëtzebuergesch Nationalekipp géint den Aserbaidjan gespillt huet a Lëtzebuerg dëse Match 2:1 gewonnen huet. De Mica Pinto huet an der 8. Minutt den 1. Gol am neie Stadion geschoss[6]. Den éischte Match am ausverkaafte Stadion mat 9628 Zuschauer war de 14. November 2021. An dësem Match verléiert Lëtzebuerg géint Irland mat 0:3.[7]

Allgemeng Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

En huet 9.471 iwwerdeckt Sëtzplazen[8]. Ronderëm, an en dräistäckegt Gebai integréiert, si VIP-Kabinnen, Iesskiosken, e Businessclub mat Kichen, Raim fir d'Press, an d'Vestiairen. Baussen ass de Stadion mat metallene Rauten agekleet, déi ënnerschiddlech beliicht kënne ginn.

De Stadion gouf no den Norme vun der FIFA/UEFA (wou en als Stadion vun der Kategorie 4 (Elitestadion) klasséiert ass) an deene vum World Rugby konzipéiert[2].

De Käschtepunkt war ufanks op 6,1 Millioune fir d'Zougänglechmaache vum Terrain an 60,358 Millioune fir de Bau vum Stadion selwer virgesinn. De Sportsministère iwwerhëlt 70% vun de Käschten. De Rescht ass fir d'Stad Lëtzebuerg (déi ausserdeem all d'Käschten (eng 792.000 Euro) fir d'Parkplaz niewendrun iwwerhëlt)[2]. Am Juli 2019 ass bekannt ginn, datt de Budget ëm 18 Milliounen op elo ronn 80 Milliounen Euro klamme géif. Déi zousätzlech Käschte wieren engersäits op Feeler vum Bureau d'études an anersäits op nei Ufuerderunge vun der Police (fir e Video-Iwwerwaachungssystem) a vun der UEFA zeréckzeféieren[9].

Nodeem de Stadion a Betrib ass, soll de Stade Josy-Barthel, dee bis ewell fir international Foussballmatcher benotzt gouf, ofgerappt ginn. Am Laf vun 2024 soll d'Linn 1 vum Stater Tram, mat hirem Terminus Stadion, bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg ausgebaut sinn.

De Numm vum Stadion[änneren | Quelltext änneren]

De Numm vum Stadion gouf am Joer 2020 virgestallt. Well de Numm op Franséisch ass (Stade de Luxembourg) gouf eng Petitioun gemaach, fir datt den Numm méi kreativ gëtt an och vläicht eppes mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn huet (Stadion vu Lëtzebuerg). D'Petitioun war awer ouni Erfolleg.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten offizielle Match den 1. September 2021[änneren | Quelltext änneren]

Schantjen am August 2017[änneren | Quelltext änneren]

… am Mee / Juni 2018[änneren | Quelltext änneren]

… am Dezember 2018[änneren | Quelltext änneren]

Ëffentlechen Transport[änneren | Quelltext änneren]

Fir bei de Stadion ze kommen kann de Public och Bussen huelen:

Vun 2024 un ass virgesinn, datt d'Linn T1 vum Stater Tram och bis op den Terminus beim Stadion fiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stadion vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Neues Stadion heißt Stade de Luxembourg." wort.lu, 16. Juli 2020.
  2. 2,0 2,1 2,2 "Nouveau stade national de football et de rugby." Pressecommuniqué vun der Stad Lëtzebuerg an dem Sportsministère op gouvernement.lu, 2018-06-06.
  3. Feierlech Aweiung a Presenz vum Grand-Duc, rtl.lu, 26. 09. 2021
  4. "1. Mee 2020 soll Bau fäerdeg sinn, sou Lydie Polfer." rtl.lu, 03.04.2019 17:37.
  5. L'essentiel 2020-wird-nicht-gespielt-im-neuen-nationalstadion Archivéiert op 2020-07-17. Gekuckt de(n) 2020-07-16.
  6. Lëtzebuerg wënnt mat 2:1 géint den Aserbaidjan. Gekuckt de(n) 1. September 2021.
  7. Lëtzebuerg verléiert géint Irland, rtl.lu, 14. November 2021
  8. Découvrez le stade. Stade de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2021-08-16.
  9. Projet gëtt 18 Millioune méi deier wéi geplangt op rtl.lu den 8. Juli 2019