Gräinskapell

Vu Wikipedia
Gräinskapell
D'Gräinskapell an der Péitrus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Adress Péitrusbierg
Koordinaten 49°36'20"N, 6°8'6"O
D'Gräinskapell. Zeechnung vum Nicolas Liez.

D'Gräinskapell, och ënner dem Numm Quirinuskapell bekannt, läit am Stadgronn ënner der Aler Bréck um rietsen Uwänner vun der Péitruss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Als "bal" geséchert gëllt, datt dës Hielekierch, déi déi Zäit zu der Par Hollerech gehéiert huet, fir Masse benotzt gouf. D'Gräinskapell gouf ënnerhale vun den Däitschritter, déi zanter 1249 an der Tilleschgaass gewunnt haten. Ëm 1355 hunn si déi gotesch Fassad gebaut, déi haut nach erhalen ass. Vun hinne staamt och d'Däitschhärekräiz, dat iwwer der Paart agemeesselt ass. Riets dovun ass den oppene Priedegtstull ze gesinn. Den Daach an de Klackentuerm goufen 1885 restauréiert.

Bannent der Kapell ass eng Duebelhiel, eng kleng Sakristei an eng Nisch mam Altor.

Si gouf de 27. Mee 1963 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Den hellege Quirinus war zanter dem 11. Joerhonnert de Patréiner vun der Festung, zanter 1455 och vun der Stad Lëtzebuerg. 1666 gouf en an där Funktioun vun de Jesuitten duerch d'Tréischterin am Leed ersat.

Quirinusquell[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Kapell ass eng Quell, där hirem Waasser joerhonnertelaang Heelwierkungen, besonnesch géint Hautkränkten an Eeterwonnen, nogesot goufen.[2] Eng éischt Kéier gouf se beim Alexander Wiltheim 1655 ernimmt. Bei enger cheemescher Analys am Joer 1900 gouf festgestallt, datt näischt Extraes am Waasser ze fanne wier.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen: eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
  • Dumont, Jean, 1952. Sources sacrées dans le Luxembourg. pp. 196–202. Extrait de l'Annuaire de l'Institut grand-ducal, section de linguistique, de folklore et de toponymie, Luxembourg.
  • Klein, Jean-Baptiste, 1867. Leben und Leiden der heiligen Märtyrer Quirinus, Firminus, Ferreolus und der heiligen drei Jungfrauen, welche in der St. Quirinus-Kapelle bei Luxemburg verehrt werden (Nebst einem Anhang über den Gebrauch des St. Quirinus-Wassers und einer St. Quirinus-Messe). 96 S., Gebr. Heintze, Luxemburg.
  • Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135. Luxemburg. PDF (882 kB)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gräinskapell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  2. E flotten Iwwerbléck iwwer helleg Quellen zu Lëtzebuerg bréngt den Dumont (1952).
  3. Cf. Massard 1985: 130-131 an der Literatur.