Prosper Friob

Vu Wikipedia
Prosper Friob
Gebuer 3. Juni 1902
Rued
Gestuerwen 21. Dezember 1995
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
De Prosper Friob

De Prosper Albert Nicolas Friob, gebuer den 3. Juni 1902 zu Rued bei Ell a gestuerwen den 21. Dezember 1995, war Zeecheprofesser zu Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg. De Spëtznumm deen hie vun de Schüler krut war de Fribchen, a sou war hien dann och spéider soss duerch d'Land bekannt.

Hien huet zu Wien studéiert an ass besonnesch als lëtzebuergesche Moler bekannt, haaptsächlech duerch seng Uelegbiller vu Clownen. An hir Gesiichter huet hien eng grouss Sentimentalitéit geluecht. Ënner senge Wierker sinn och vill Landschaften. Doriwwer eraus huet de Prosper Friob a senger Fräizäit och nach Geie gebaut an ettlech Skulpturen hannerlooss.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • APEA:Regard, Album erausgi vun der Association des Professeurs d'Education Artistique de l'Enseignement Secondaire et Supérieur, 1987, Éditions St.-Paul

Galerie vun Tableauen a Skulpture vum Prosper Friob[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]