Hellege Quirinus

Vu Wikipedia
Den hellege Quirinus, lénks op engem Bild vum Stefan Lochner

Den hellege Quirinus vu Roum oder och vun Neuss, gestuerwen ëm d'Joer 115 zu Roum, war e spéider zum Chrëschtentum bekéierte réimeschen Tribun a Märtyrer.[1]

Bis 1666 war hien de Patréiner vun der Stad Lëtzebuerg. No him ass d'Rue Saint-Quirin genannt, déi am Péitrussdall vun der Tilleschgaass bei d'Gräinskapell a bei d'Al Bréck féiert.

Den Numm Quirinus kënnt vum laténgesche Wuert quiris (Pl.: quirites) = Bierger.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gräinskapell zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Gräinskapell heescht och nach Quirinuskapell. Um Fouss vun der Kapell ass de Quirinus-Buer, vun deem sengem Waasser fréier gesot gouf, et kéint bei Krankheeten, déi vun Hautausschlag begleet sinn, gebraucht ginn.[2] Als éischt gouf d'Quell beim Alexander Wiltheim 1655 ernimmt. Bei enger cheemescher Analys am Joer 1900 gouf festgestallt, datt näischt Extraes am Waasser ze fanne wier.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hellege Quirinus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ökumenisches Heiligenlexikon
  2. 2,0 2,1 Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135 (cf. S. 130-131). PDF