Quirinuskierch vun Hengescht
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Hengescht (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Hengescht | |||
Par | Clierf Saint-Benoît | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Quirinus | |||
Konsekratioun | 1950 | |||
Architekt(en) | O. Block | |||
Baujoer | 1950 | |||
Koordinaten | 50° 05’ 38.4’’ N 06° 05’ 14.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Quirinuskierch zu Hengescht ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Quirinus vun Neuss, deem säi Fest den 30. Abrëll gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der Kierchestrooss, net wäit vun der Kräizung mat der N7, der Haaptstrooss.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt bekannte Kierch vun Hengescht, déi grad wéi haut och schonn dem hellege Quirinus geweit war, stoung laanscht d'Strooss vun Hengescht op Hëpperdang op der Plaz, déi haut nach "Al Kiirch" heescht.
Géint 1650 gouf dann eng éischt Kapell zu Hengescht an der Uertschaft gebaut, déi dem hellege Blasius an dem hellegen Isidor geweit war.
Well d'Kapell wéi och déi al Quirinus-Kierch baufällig ware, gouf op Demande vum Paschtouer Leonard Michaelis ëm 1788 eng nei Kierch zu Hengescht gebaut déi och nees dem hellege Quirinus geweit war. Se gouf eréischt 1937 ofgerappt.
Den 22. Dezember 1932 gouf zu Hengescht vum Deche Schiltges vu Klierf eng nei, monumental Kierch ageweit.[1], déi no Pläng vum Architekt Lahr vu Péiteng gebaut gi war. Dës Kierch stoung awer nëmmen 12 Joer well se gouf am Zweete Weltkrich wärend der Ardennenoffensiv an der Silvesternuecht 1944 gesprengt.
De 24. Juni 1950 goufe vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel dräi nei Klacke geweit,[2] déi vun der Klackegéisserei Ruetschi A.G. vun Aarau[3] gegoss goufen an déi an der Gréisst an am Klang d'selwecht ware wéi d'Klacken aus der aler Kierch.
Den 21. Dezember 1950 gouf déi nei Kierch, déi no de Pläng vum Architekt Octave Block gebaut gouf, vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel konsekréiert.[4],[5]
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Hengescht. Zur fréierer Par Hengescht hunn ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vu Fëschbech an d'Kapell vu Kaalber gehéiert.
Uergel
[änneren | Quelltext änneren]An der Kierch steet eng Uergel vun der G. Haupt vu Lëntgen aus dem Joer 1955.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Quirinuskierch vun Hengescht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Clierf Saint-Benoît
- D'Fënstere vun der Kierch vun Hengescht op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
-
Südsäit vun der Kierch
-
D'Kierch vun Oste gesinn
-
Agank vun der Kierch
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lokal-Chronik: Heinerscheid 22. Dez. am Luxemburger Wort vum 22. Dezember 1932
- ↑ Glockenweihe im schwer sinistrierten Heinerscheid am Luxemburger Wort vum 27. Juni 1950
- ↑ Glockenweihe in Heinerscheid am Luxemburger Wort vum 22. Juni 1950
- ↑ Konsekration der neuen Kirche von Heinerscheid (1. Teil) am Luxemburger Wort vum 23. Dezember 1950
- ↑ Konsekration der neuen Kirche von Heinerscheid (2. Teil) am Luxemburger Wort vum 28. Dezember 1950