Saint-Quirin

Vu Wikipedia
Saint-Quirin
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Sarrebourg-Château-Salins
Kanton Phalsbourg
Postcode 57560
Gemengecode 57623
Koordinaten 48° 36’ 39’’ N
      07° 03’ 55’’ O
Fläch  5 334 ha
Bevëlkerung  873 (1999)

Saint-Quirin ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

D'Uertschaft gouf vun der Associatioun Les plus beaux villages de France, als eent vun de schéinsten Dierfer a Loutrenge klasséiert.

D'Uertschaft gëtt fir d'éischt 966 ernimmt. Den Numm huet se vum réimeschen Tribun Quirinus, dem spéideren Hellegen.

Am Mëttelalter gouf et e Priorat an der Gemeng, dat der Abtei vu Marmoutier gehéiert huet, an am Drëssegjärege Krich zerstéiert gouf. Et gouf am 18. Joerhonnert erëm zum Deel frësch opgeriicht.

Am 15. Joerhonnert huet sech zu Saint-Quirin eng Glasfabréck installéiert, déi ë. a. d'Glas fir den herzogleche Palais vu Nanzeg geliwwert huet.

Kuckeswärtes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Paschtoueschhaus vu 1711
  • D'Kierch Saint-Quirin mat den Ënnentierm, barock Kierch vu 1722
  • An der Kierch d'Silbermann-Uergel vu 1736, an de Kristalllüster vu Saint-Louis
  • De Buer Saint-Quirin
  • D'Kapell Sainte Claire 1818 restauréiert
  • D'Kapell vun der Glasfabréck vu Lettenbach vu 1756, als historescht Monument klasséiert
  • D'Kapell Notre-Dame de l'Hor
  • D'Kapell Notre-Dame de la Délivrance
  • D'Kierch Sainte-Thérèse

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Quirin – Biller, Videoen oder Audiodateien