Giicht (Krankheet)

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Röntgebild vun engem Gichtfouss

D'Giicht ass eng Krankheet, bei där de Metabolismus vun der Harnsaier gestéiert ass.

Geléist Harnsaier ass ongeféierlech. Wann hir Konzentratioun (am Extra-zelluläre Raum) awer ze héich gëtt, bilde sech Harnsaier-Kristaller. Dat geschitt haaptsächlech an de Gelenker, wou s'eng Entzündung ausléisen.

Therapie[änneren | Quelltext änneren]

D'Therapie am Fall vun engem akute Giichtufall besteet aus Colchicin, oder Indometacin, Medikamenter déi d'Entzündung ënnerdrécken.

Fir weider Giichtufäll ze verhënneren, gëtt dann Allopurinol agesat, e Medikament, dat d'Bildung vun der Harnsaier bremst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Giicht – Biller, Videoen oder Audiodateien