Kierch Bech-Maacher
| ||||
|---|---|---|---|---|
Parkierch vu Bech-Maacher (2012) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Bech-Maacher | |||
| Par | Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas | |||
| Dekanat | Osten | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Haupert Hl. Rochus | |||
| Konsekratioun | 1858 | |||
| Architekt(en) | Charles Arendt | |||
| Baujoer | 1858 | |||
| Koordinaten | 49° 31’ 54.8’’ N 06° 21’ 14.5’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||

D'Kierch zu Bech-Maacher ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert. Bis zum Bëschofs-Dekreet vum 6. Mee 2017 war Bech-Maacher eng eege Par am Parverband Schengen-Wellesteen, Pastoralregioun Osten.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Rochus, deen de 16. August gefeiert gëtt. D'Kierch dréit awer den Titel vum hellegen Haupert, deem säi Festdag den 3. November ass.[1] D'Kierch steet op der Kräizung vun der Wäistrooss (N10) mat der Kierchstrooss. De Kierfecht ass hanner der Kierch ugeluecht.
Den 30. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[2]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis zum Bau vun der Kierch am Joer 1858 haten déi zwou Kadastersektioune vum Duerf hir eege Kapellen: d'Haupeschkapell an der Sektioun Bech zanter 1570, an d'Nikloskapell vu 1664 an der Sektioun Kleinmacher. Béid Kapellen hu vun der Par Réimech ofgehaangen. Fir eng eege Par ze ginn, kruten d'Awunner d'Erlabnes eng nei Kierch am Zentrum vum Duerf ze bauen. No Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt gouf se 1858 konsekréiert. Am nämmlechte Joer gouf och de Kierfecht hanner der Kierch ugeluecht, bis dohi sinn d'Duerfbewunner zu Réimech begruewe ginn.[3]
Uergel
[änneren | Quelltext änneren]D'Uergel staamt aus dem Joer 1937 a gouf vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt vu Lëntge gebaut.[4]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vu Bech-Maacher.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kierch Bech-Maacher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Schengen-Wellesteen
- D'Fënstere vun der Kierch vu Bech-Maacher op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vu Bech-Maacher op der Websäit orgues.lu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ cathol.lu
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).
- ↑ Baséiert op de Recherche vum Néckel Strotz: L'église de Bech-Kleinmacher
- ↑ Bech-Kleinmacher, Bech-Maacher. www.orgues.lu. Gekuckt de 07.11.2025.