Dënzelt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Dënzelt op der Iechternacher Maartplaz

Den Dënzelt ass en historescht Gebai op der Maartplaz zu Iechternach. Den Numm kënnt vum alhéichdäitsche Wuert thing hier, wat "Versammlung, Zesummekommen" bedeit.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Vu wéini d'Gebai ass, dat haut do steet, ass net gewosst.[1] 1374 huet den Abt Wëllem vu Kerpen e Gebai, dat Dinstoil genannt gouf, dem Bierger Johann Buschin ofkaf, fir doran d'Administratioun vun der Stad ënnerzebréngen. 1444 ass dat duerch e grousst Feier um Maart zerstéiert ginn, mä gouf an de Joren duerno ënner dem Abt Wynand de Gluwel nees opgeriicht. D'gotescht Verwëllef vun der Hal um Rez-de-chaussée schéngt d'Feier iwwerstane gehat ze hunn. Ënner dem Abt Robert de Montréal gouf den Dënzelt am spéitgotesch/fréie Renaissancestil ëmgebaut.

1705 gouf et nees e grousst Feier, an e gouf, dës Kéier am Barockstil, ënner dem Abt Zender, nees opgebaut. 1895/96 gouf säin Ausgesinn, op Basis vu Pläng vum Charles Arendt, am neo-gotesche Stil "gëeelzt" fir méi authentesch sollen auszegesinn. Dobäi goufen ë. a. och d'Statuen an der Fassad ubruecht. Déi goufen am Sculpteurs-Atelier Lambert Piedeboeuf realiséiert a representéieren déi véier Kardinaldugenden (op den Ecker), d'Muttergottes an de Kinnek Salomon (an der Mëtt) an, als eenzeg historesch Figur, den Abt Robert de Montréal (laanscht d'Säit, méi kleng).

Am Zweete Weltkrich gouf d'Gebai deelweis zerstéiert, an duerno nees restauréiert. Bis ewell eng lescht Kéier gouf den Dënzelt 1993-1994 an d'Rei gesat, ë. a. gouf en neien Daachstull opgeriicht.

De 4. Juni 1974 gouf den Dënzelt op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert.[2]

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Hei ass ënner der Presidence vum Schultheis am grousse Sall um éischte Stack d'Schëffegeriicht zesummekomm, dat vum Abt, deen och Reichsfürst war, agesat gouf, an eemol am Joer gouf an der oppener Hal eng Versammlung ofgehalen, bei där d'Chartë vun de Schäffe virgelies goufen.

Hautdesdaags gëtt et am Dënzelt e Sall fir d'Gemengerotssëtzungen, een, an deem Hochzäiten ofgehale ginn, e puer Büroen, Archivraim an Ausstellungssäll. Eng Plackett um Gebai erënnert un de Stadbréif, deen Iechternach vun der Ermesinde krut.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Venceslas-Charles Arendt, 1895: "Der sogenannte 'Dingstuhl' auf dem Marktplatz in Echternach." in: Ons Hémecht 1895, S.68-73.
  • Mayer, Christina, 2010: Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S268.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dënzelt (Echternach) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wou net anescht uginn baséiert dësen Artikel op MAYER, S. 268.
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 10. Oktober 2019).