Lambert Piedboeuf
Lambert Piedboeuf | |
---|---|
Gebuer |
3. Februar 1863 Oochen |
Gestuerwen | 1950 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Sculpteur |
De Lambert Joseph Piedboeuf, gebuer den 3. Februar 1863 zu Oochen, a gestuerwen den 29. November 1950 zu Bad Reichenhall, war en däitsche Sculpteur, dee bal nëmme reliéis Sujeten realiséiert huet.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Lambert Piedboeuf, Bouf vum Polsterer Hippolyt Piedboeuf a senger Fra Carolina Elisabeth Linden, war Schüler vum Oochener Sculpteur Gottfried Götting (1830–1879), huet dono ee Joer bei der Kölner Dombauhütte geschafft a war da Stagiaire beim Oochener Sculpteur Johann Lorenz Opree (1846–1900). Ëm 1887 huet hie sech selbstänneg gemaach. Doriwwer eraus huet hien op der Kunstgewerbeschule Aachen enseignéiert.
A senger Fräizäit war hie Member vum Veräin Öcher Platt e. V. an huet sech och soss fir deen Dialekt agesat. A senger
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Oochen: Kalvariebierg, Kierch St. Nikolaus; eng Pietà, Kierch St. Elisabeth; Madonna mam Kand a Christusfigur an der Herz-Jesu-Kirche, Grafmonumenter fir d'Paschtéier vu St. Paul an d'Famill Heinen am Oochener Campo Santo um Westfriedhof II: Skulpturen an der Heilig-Kreuz-Kirche an aacht Statue vun däitsche Keeseren op der Fassad vum Oochener Stadhaus-
- Alsdorf: Mariesail, 1905
- Moresnet-Chapelle: Dräi Figure fir d'Kräizegungszeen um Kalvariebierg
- Simpelveld, Statu vum Hl. Alfons vu Ligouri am Generalmutterhaus vun de Schwëstern vum aarme Kand Jesus
- St. Wendel, Héichaltor an der Wendalinusbasilika, 1896
- Würselen, Pietà an der St.-Sebastian-Kierch, 1927
- Euchen (Würselen), Häerzjesufigur, Relief fir Griewer vu Paschtéier a Relieffer fir en Altor an der Kierch St. Willibrord, 1916
Weider Wierker sinn zu Mönchengladbach (Krichsmonument 1870/71), Kempen a Viersen, ma och zu San Antonio, Texas (1930). Seng Grafskulpturen sinn uechter ganz Däitschland ze fannen.
zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Klierf: Altär, Pietà, Kräizegungsstatiounen a Priedegtstull fir d'Parkierch St. Cosmas an Damian (1910 bis 1912)
- Iechternach: Statuen op der Fassad vum Dënzelt, 1896.
-
Priedegtstull Kierch Kliertf
-
Kräizwee Kierch Klierf
-
Dafsteen Kierch Klierf
-
Pietà Kierch Kllierf
-
Stäerkt um Dënzelt
-
Kinnek Salomon um Dënzelt
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lambert Piedboeuf – Biller, Videoen oder Audiodateien |