Kierch Waldbriedemes
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Waldbriedemes (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Waldbriedemes | |||
Par | Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Dekanat Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Sebastian | |||
Koordinaten | 49° 33’ 22.9’’ N 06° 17’ 14.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Waldbriedemes ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bous-Waldbriedemes gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sebastian, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der rue de l'École, net wäit vun der Kräizung mat der Haaptstrooss, dem CR148.
Se ass zanter dem 27. Mee 1963 als nationaalt Monument klasséiert.
Gebai
[änneren | Quelltext änneren]De romaneschen Tuerm vun der Waldbriedemesser Kierch ass ëm 1100 entstanen.
Ëm 1450 ass dat spéitgotescht Kiercheschëff gebaut ginn.
No baussen ass d'Gebai duerch Stäipmauere gehalen, déi op all Spëtz eng Kräizblumm hunn an den Drock vum Verwëllef halen.
Am Chouer gesäit een en Triumphbou mat Steeskulpturen an e gotescht Sakramentshaische mat Oculus. An der rietser Säitekapell ass e gotescht Sandsteerelief mat dräi Figure vun Hellegen. Do gëtt et och zwou Grafplacke vu 1679 an 1729. Déi véier Stäilere vum Chouer droe véier Engelsfiguren.
Altor
[änneren | Quelltext änneren]De barocke Retabel, deen 1895 op Ell verkaaft gouf, an nach haut do an der Kierch steet, gouf 1889 duerch en neogoteschen Héichaltor ersat, dee vum Vincent Lehnertz entworf gi war a vum Jean Decker opgeriicht gouf. 1963 gouf en nees ewechgeholl.
Triumphbou
[änneren | Quelltext änneren]Zanter der leschter Restauréierung steet op enger hëlzen Dunn ënner dem Triumphbou d'Kräizegungsgrupp. Déi Dunn gëtt op béide Säite vu Konsole gehalen, déi béid Steemetzeschzeechen droen.
Kiercheschëff
[änneren | Quelltext änneren]D'Kiercheschëff gëtt am Weste vum Tuerm ofgegrenzt, de Chouer ass op der Ostsäit an deen huet op senger Süd- an op der Nordsäit Säitenaltär, déi vu bausse gesinn asymmetresch bäigebaut sinn. Op der Nordsäit gouf d'Sakristei bäigebaut.
Säitekapellen
[änneren | Quelltext änneren]An der lénkser Säitekapell steet e Steekräiz vu 1458.
Schlosssteng
[änneren | Quelltext änneren]D'Schlosssteng vum Kräizrëppeverwëllef si mat Wope vun der Abtei Mënster a vun der Famill vu Buerschent, dekoréiert.
Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Fënsteren, déi haut an der Kierch sinn, stamen aus dem Atelier vum Émile Simminger aus der Stad Lëtzebuerg a si vum Ufank vum 20. Joerhonnert.
Déi dräi Fënsteren an der Apsis weisen Helleger mat hiren Attributen:
- d'Elisabeth vun Thüringen mat Rousen
- d'helleg Bäerbel mat Schwäert a Kielech
- den hellege Sebastian mat Schwäert a Fäiler
- de spuenesche Jesuitt Francisco de Xavier mat Kräiz
- den Antonius vu Padua mat engem Kand
- den hellegen Donatus mat Blëtz a Pällem
An der mëttelster Apsisfënster ënnen, sinn zwéi Wopen ze gesinn:
- dee vum Poopst Benoît XV.
- dee vum Bëschof Jean Joseph Koppes
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]Am Tuerm vun der Kierch lauden zwou al Klacken an der Tounart c an d.
Paschtéier vu Waldbriedemes
[änneren | Quelltext änneren]- 1963 - 1976 Jean Wey (C.S.Sp.), Parverwalter (Paschtouer vun Trënteng)
- 1976 - 1988 Jos Keilen, Parverwalter (Paschtouer vun Trënteng)
- 1988 - 1993 Martin Wiltzius, Parverwalter
- 1994 - 2003 Fränz Müller
- 2003 - 2006 Marcel Groff
- 2003 - 2010 Jean Flies (M. Afr.)
- 2010 - 2017 Jean-Marie Belanga
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Bous-Waldbriedemes
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Waldbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien |