Théodore Bassing

Vu Wikipedia
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Théodore Bassing
Theodore Bassing Monument Vianden Luxembourg 03.jpg
Medaillon vum Théodore Bassing, Ausschnëtt vum Théodore-Bassing-Monument zu Veianen
Gebuer 5. Januar 1867
Gestuerwen 17. Dezember 1926
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Théodore Bassing, gebuer de 5. Januar 1867 zu Veianen, a gestuerwen de 17. Dezember 1926 an der Stad Lëtzebuerg, war e Veiner Lokalhistoriker a Schrëftsteller. Hie koum aus enger italieenescher Famill mam Numm Pasino, déi sech ufanks vum 19. Joerhonnert zu Veianen etabléiert hat.

De Bassing, deen a senger Heemechtsstad Veianen vun 1891 bis 1926 Gemengesekretär war, huet sech säi Liewe laang mat der Geschicht vum Ourdall beschäftegt, a vill doriwwer publizéiert.

1976 hunn déi "Veiner Geschichtsfrënn" him e Monument direkt bei der Our opriichte gelooss, an der Strooss, déi no him genannt ass: rue Théodore-Bassing. D'Monument gouf vun der Veiner Sculptrice Marie-Josée Kerschen realiséiert.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bassing, Theodor, 1899. Beitrag zur Geschichte des Schlosses und der Herrschaft Falkenstein, in Ons Hémecht 5
  • Bassing, Theodor, 1900. Die Männer- und Jünglingscongregation genannt Marianische Sodalität unter dem Titel: Himmelfahrt Mariä. 21 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
  • Bassing, Theodor, 1904. Sagen und Legenden der Stadt Vianden und ihrer nächsten Umgebung. 76 S., J. Schroell, Diekirch.
  • Bassing, Theodor, 1914. Geschichte der Kommende, Komturei oder Kommanderie der kirchlich-militärischen Ritter-Orden der Tempelherren und Johanniter zu Roth bei Vianden. 46 S., Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]