Ourdall-Bibliothéik

Vu Wikipedia
D'Ourdall Bibliothéik vu bannen

D'Ourdall-Bibliothéik ass de 4. Abrëll 2004 als ëffentlech a regional Bibliothéik zu Veianen opgaangen. Et fënnt ee se op der Nr. 19 vun der Garer Strooss. D'Ourdall-Bibliothéik gouf vum kulturelle Veräin KultOUReilen gegrënnt a gëtt am Benevolat gefouert. Um Programm sti reegelméisseg Liesungen, déi neierdéngs am ale Kino ofgehale ginn.

Ëffnungszäiten: méindes an dënschdes vu 16-19 Auer, donneschdes vu 17-20 Auer a samschdes vun 9-12 Auer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]