Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Buch- a Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg huet sech opgrond vun der politescher Situatioun zu Lëtzebuerg uganks nëmme lues a lues entwéckelt.

Op dem Territorium vum fréieren Herzogtum gouf et vill bedeitend Klouschterbibliothéiken, wéi zum Beispill zu Iechternach, Orval an an der Stater Mënsterabtei, an och d'Bibliothéik vum 1773 opgeléiste Jesuittenuerden.

Wärend der Franséischer Revolutioun sinn 1795 en Deel vun deene Bicher an d'Écoles Centrales oder méi spéit och an en Dépôt littéraire komm. Vill Bicher goufen awer och als Krichsbeit a ganz Europa verspreet. Trotzdeem ass 1798 zu Lëtzebuerg déi éischt ëffentlech Bibliothéik entstanen. Genee 50 Joer méi spéit, 1848, gouf se mat der Bibliothéik vum Kolléisch an der Bibliothéik vun der Gesellschaft fir Fuerschung an Erhalung vun de geschichtlechen Denkmäler am Groussherzogtum Lëtzebuerg zesummegeluecht an d'Natiounalbibliothéik ass entstanen.

Entwécklung vum Buchwiesen[änneren | Quelltext änneren]

Net nëmmen d'Bibliothéikswiesen, mä och d'Buchwiesen u sech huet sech relativ spéit zu Lëtzebuerg entwéckelt.

Déi éischt gedréckt Schrëfte sinn eréischt géint Enn vum 16. Joerhonnert erauskomm, dat éischt vollstänneg a lëtzebuergescher Sprooch gedréckte Buch am Joer 1600. Ausser u Schoulbicher a reliéisen Handschrëfte gouf et keng Nofro u Bicher. Eréischt 1704 ass déi éischt lëtzebuergesch Zeitung a franséischer Sprooch erauskomm (La Clef du cabinet des princes de l'Europe), 1824 déi éischt lëtzebuergesch Zeitung an däitscher Sprooch (Luxemburger Wochenblatt).

D'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik[änneren | Quelltext änneren]

D'Nationalbibliothéik ass déi wichtegst zentral Dokumentatiounsplaz vum Land. Si sammelt all déi zu Lëtzebuerg gedréckten an editéiert Verëffentlechungen a keeft am Ausland editéiert Verëffentlechunge mat Bezuch op Lëtzebuerg oder vu Lëtzebuerger. Hir Luxemburgensia-Ofdeelung ëmfaasst 150.000 Bänn an 3.000 Zäitschrëftentitel.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

Weider wichteg wëssenschaftlech Bibliothéiken[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg wëssenschaftlech Bibliothéiken nieft der Nationalbibliothéik sinn déi vun der Uni Lëtzebuerg an e puer spezialiséiert Bibliothéike wéi de (Centre national de la littérature, d'Bibliothèque du Grand Seminaire, asw., an och d'Bibliothéike vun den auslännesche Kulturinstituter an d'Bibliothéike vun den europäeschen Institutiounen: d'Europäesch Kommissioun, d'Europaparlament, den Europäesche Geriichtshaff an d'Europäesch Investitiounsbank.

D'Lëtzebuerger Haffbibliothéik huet 30.000 Bänn a bedeitend Sammlungen. Si ass net ëffentlech zougänglech.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Haffbibliothéik.

Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]