Luxembourg Learning Centre

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Maison du Livre)
Luxembourg Learning Centre
Réibau (Dez. 2015): Struktur bannenan a vun der Glasfassad.
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht, Belval
Koordinaten 49° 30’ 06.2’’ N
      05° 56’ 55.1’’ O
Architekt(en) Hermann & Valentiny & Associés
Statut a Betrib
Datum vum Bau 2013-2018
Logo

Luxembourg Learning Centre (LLC) ass den Numm vun engem Gebai, dat am Kader vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation um Belval, am Universitéitsquartier, an engem Deel vun der fréierer Mëllerei vun de Belval-Héichiewen amenagéiert gouf (am aneren Deel kéint de Centre national de la culture industrielle ageriicht ginn).

Et gouf de 24. September 2018 vum Groussherzog Henri ageweit.[1],[2] Wärend der Planungs- a Bauphas gouf et, an Analogie zu den anere Gebaier vun der Cité des sciences, Maison du Livre genannt.

Et ass eng Bibliothéik, déi haaptsächlech fir d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg konzipéiert ass, déi awer och fir den allgemenge Public zougänglech ass. Eng 205.000 Dokumente sinn dora fräi zougänglech, an et goufen Aarbechtsplaze fir eppes iwwer 1.000 Studenten amenagéiert. Do derbäi kënnt e Magazin fir ronn 290.000 Wierker, déi net sou dacks gefrot sinn, oder déi méi wäertvoll sinn.[3]

D'baussegt Form vun der Mëllerei gouf beim neie Gebai bäibehalen, resp. nogebaut. Bannena goufen op 4 Stäck Magazinen, Liessäll a Büroen ageriicht. Verschidden Deeler vun der Fërderanlag fir erop an den Héichuewen sinn erhale bliwwen. D'Entrée ass op der Ostsäit, zu den Héichiewen zou, an engem neie Virbau a Form vun engem ellipsoiden Zylinder, an deem dräieckeg Ëffnunge sinn. Lénks dovu goufe Bëtongsträch op Stelzen installéiert, aus deene periodesch Waasser an e Baseng ënnendrënner eropffällt. Laanscht d'Westsäit ass en eestäckege Virbau, op deen uewendrop e Gaart ugeluecht gouf.

D'Fassad an den Daach vun der fréierer Mëllerei goufe komplett erneiert; d'Fassad huet e groussflächegt Muster aus Dräiecken, déi zu hirer 6 zu pyramidefërmege Forme strukturéiert sinn, a déi deels aus Glas, deels aus Verbondmaterial sinn.[4] Architekt ass de Büro Hermann & Valentiny & Associés Architectes.[3]

De Grondsteen gouf de 24. Mee 2013 duerch den Infrastrukturminister Claude Wiseler an d'Héichschoulministesch Martine Hansen, zesumme mat den Escher a Suessemer Buergermeeschteren, geluecht. Fir de Bau waren eng 60 Milliounen Euro virgesinn.[5]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Josée Hansen: "Book lounge, free wifi." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.44, 2. November 2018, S. 6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luxembourg Learning Centre – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • LLN Presentatiounsvideo vun der uni.lu op youtube.com (2018).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Manon Kramp: "'Viel mehr als die Bibliothek der Uni'." wort.lu, 26. Juli 2018.
  2. "La Maison du livre marque une nouvelle ère." lessentiel.lu, 24 septembre 2018 20:06; Act: 25.09.2018 09:12.
  3. 3,0 3,1 "La Maison du Livre." magazine, le périodique du fonds belval Nr.2/2013, S. 14-16.
  4. "Une façade modulant la lumière." magazine, le périodique du fonds belval Nr. 4/2015, S.25-28.
  5. "Offizielle Grundsteinlegung zur Maison du livre in Belval" wort.lu/de, Veröffentlicht am 24.05.13 18:47.