Veianer Bicherfest
Ausgesinn
D'Veianer Bicherfest gëtt all Joer zanter 2002 zu Veianen ënner dem Titel "cité littéraire" vun de KultOUReilen asbl an dem Naturpark Our organiséiert.
D'Bicherfest ass e wichtegt Treffe fir Sammeler, Kultur- a Literaturfrënn. Nieft dem Verkaf vu Bicher, gi Liesungen, Signéierstonnen, Ausstellungen a Konschthandwierk rondrëm d'Buch souwéi e musekalesche Programm ugebueden.
Editioune vun de Bicherfester
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Bicherfest: 8.-9. September 2012
- 10. Bicherfest: 10.-11. September 2011
- 9. Bicherfest: 11.-12. September 2010
- 8. Bicherfest: 12.-13. September 2009
- 7. Bicherfest: 13.-14. September 2008[1]
- 6. Bicherfest: 08.-09. September 2007[2]
- 5. Bicherfest: 09.-10. September 2006
- 4. Bicherfest: 10.-11. September 2005
- 3. Bicherfest: 11.-12. September 2004
- 2. Bicherfest: 13.-14. September 2003
- 1. Bicherfest: 13.-15. September 2002
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Bicherfest
- Programmer vu verschidden Editiounen am PDF-Format: 2009 - 2007 - 2006
Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Um Programm vum 7. Bicherfest:
- Liesungen am Sall beim Kräizgank vun der Trinitarierkierch mat: Hommage à José Ensch mat dem Marie-Anne Lorgé (Rezitativ) an dem Judith Lecuit (Violoncello); Henriette Nittel; Claude Mangen (Novellë vum René Engelmann); Marco Schank; Guy Wagner (Winterreise); Josy Bassing.
- Liesungen am Café-club Ancien cinéma: Les Jeunes Mélancoliques; Liesung vu Kafka-Lyrik ënner dem Titel 'Kleine Seele springst im Tanze' mat dem Evgeny Romantsov (Gittar, Rezitativ) an dem Patricia Freres (Sopran); Muriel Moritz (Kannerbicher); Cathy Clement (Theaterstéck: Schreiet still, ihr Weiber); Frank Wilhelm (Victor Hugo et la Commune)
- ↑ Um Programm vum 6. Bicherfest: Liesungen am Sall beim Kräizgank vun der Trinitarierkierch mat der José Ensch, der Jasmine Braun, dem Marco Schank, dem Claude Frisoni an dem Frank Wilhelm.