Jasmine Braun

Vu Wikipedia
Jasmine Braun
Gebuer 30. Dezember 1988
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller


D'Jasmine Braun, gebuer den 30. Dezember 1988 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin vu Jugendliteratur.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si huet um Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques vun der Universitéit Lëtzebuerg studéiert, nodeem si hir Première (A-Sektioun) am Lycée Robert-Schuman um Lampertsbierg an der Stad gemaach huet.

Hir Schrëftstellercarrière[änneren | Quelltext änneren]

Hir Wierker schreift si an däitscher Sprooch.

Hiert éischt Buch housch Wolfsspur (Verlag Op der Lay, 2006), e Roman, deen a Sibirien spillt an dat si am Alter vu 17 Joer publizéiert huet. Et handelt sech dobäi ëm Jugendliteratur fir Kanner a Jugendlecher vun 12 Joer un. Ënner dem Titel Wolfsliebe - Tochter der Wildnis koum et 2011 an Däitschland an an Éisträich op de Maart. Et handelt sech dobäi ëm eng iwwerschaffte Versioun vu Wolfsspur.

2008 koum Zerissen (Op der Lay) eraus, an deem et ëm e Kand geet, dat viru sengem suesüchtege Papp fortlafe muss.

Hiert Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]