Trinitarierkierch vu Veianen

Vu Wikipedia
Trinitarierkierch
vu Veianen
D'Parkierch vu Veianen (2014)

D'Parkierch vu Veianen (2014)
D'Parkierch vu Veianen (2014)
Uertschaft / Plaz Veianen
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Dräifaltegkeet
Konsekratioun 1252
Koordinaten 49° 55’ 59.8’’ N
      06° 12’ 15.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Trinitarierkierch zu Veianen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Veianen gehéiert. Et ass d'Parkierch vun der neier Par Parc Our Saint-Nicolas.

D'Kierch ass der helleger Dräifaltegkeet geweit.

Se steet an der Grand-Rue, der N17.

Zur fréierer Par Veianen gehéieren ausser der Parkierch och nach d'Rochuskapell, d'Muttergotteskapell (Bildchen) an d'Nikloskapell vu Veianen, an d'Kierch vu Biwels.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Uerde vun den Trinitarier gouf 1198 vum Jean de Matha an dem Félix de Valois bei Brumetz an der Picardie gegrënnt. Net laang duerno hu sech déi éischt Trinitarierpateren zu Veianen néiergelooss. Si haten do 1248 vum Grof Heinrich I. (1214-1252) e Spidol geschenkt kritt, dat matzen an der Uertschaft louch. Den Trinitarieruerden hat dem Grof säi Papp, de Friedrich III., dee bei engem Kräizzuch gefaange geholl war ginn, fräikaaft a sou wollt de Grof säi Merci weisen.

Si haten et awer net dobäi belooss, mä si hunn direkt domat ugefaangen, niewendrun e Klouschter mat enger Kierch ze bauen.

D'Kierch gouf vun 1248 u mat zwee parallele Schëffer am gotesche Stil gebaut. Den 3. Mee 1252 gouf den Héichaltor vun der neier Kierch geweit an 1266 gouf se zur Parkierch erhuewen.

Den Héichaltor aus dem Joer 1758 vum Michel Weiler († 1804) steet am Chouer, dee 1644 ugebaut gouf. D'Chouerställecher zielen zu den Haaptwierker vum Rokoko zu Lëtzebuerg. Et ass och eng Figur, déi läit ze gesinn, déi d'Maria vu Spanheim († 1400) duerstellt.

D'Trinitianerkierch gouf de 24. Mäerz 1938 an d'Uergel den 11. Dezember 2002 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Beim Gebai fält op, datt d'Kierch keen Tuerm huet. Dëst ass drop zeréckzeféieren, datt d'Trinitarier en Heeschenuerde sinn, dee beim Bau op Tierm verzicht huet. D'Klacken hänken zanter 1603 am Hockelstuerm, dee vis-à-vis vun der Kierch um Fielsvirspronk Hockelslay steet an deen déi Zäit als Waachtuerm benotzt gouf. Iwwer dem fënnefjochege Laanghaus, dat als éischt gebaut gouf, sëtzt en Daachreider mat engem Helmdaach. Eréischt an der Mëtt vum 17. Joerhonnert gouf de méieckege Chouerraum nogebaut.

De Sakramentsaltor am nërdleche Schëff ass vum Material hier aussergewéinlech. Den Ënnerbau besteet aus engem Sarkophag mat Nischen. De stengenen Altoropbau ëmschléisst e räich geschnëtzten Asaz mat Dréi-Tabernakel. Op béide Säiten dovu sinn Alabaster-Relieffer dragesat.

De Priedegtstull mat déifgeschnëtzte Garniture staamt aus der fréierer Jesuittekierch aus der Stad. Am Eck bei der Trap ass e gotescht Portal ze gesinn.

D'Barockuergel, déi aus dem Joer 1693 staamt, hänkt optimal am Südschëff um Duxall.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Trinitarierkierch vu Veianen.

D'Säitefënstere vum lénkse Säiteschëff, déi vum Émile a Joseph Probst stamen, weise Biller aus der Geschicht vun der Uertschaft.

An enger Reliquiesail, déi am Eck nieft dem Sakramentsaltor steet, an déi eréischt 1996 opgestallt gouf, gëtt d'Hirschuel vun der Yolanda vu Veianen versuergt.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Schmitt: Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, 1996, 143 S., Éd. Saint-Paul, ISBN 2-87963-258-7
  • Bassing, Pierre, 1983: Vianden in seinen Kirchen, Kapellen und sakralen Kunstschätzen: mit einem Anhang über die ehemaligen Viandener Goldschmiede und ihre Werke. [Geleitwort: Victor Abens]. Vianden: Veiner Geschichtsfrënn, Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei. 247 S.
  • Langini, Alex, 1996: Deux joyaux architecturaux, L'église des Trinitaires à Vianden et l'église Saint-Laurent à Diekirch. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, II/96.
  • Michel Schmitt: Die Viandener Kirchen und Kapellen, 31 S., Regensburg 1997 (Kleine Kunstführer, Nr. 2309)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trinitarierkierch vu Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).