Op den Inhalt sprangen

Rochuskapell vu Veianen

Vu Wikipedia
Rochuskapell vu Veianen

Uertschaft / Plaz Veianen
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Rochus
Koordinaten 49° 56’ 26’’ N
      6° 12’ 19’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Rochuskapell vu Veianen, och als Neikierch bezeechent, ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Veianen gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt.

D'Kapell steet nieft der Our an der rue du Vieux Marché, tëscht dem Kierfecht an der Staumauer vum Ënneschte Basseng vum Pompelspäicherwierk Veianen.

Zur fréierer Par Veianen gehéieren ausser der Rochuskapell och nach d'Parkierch vu Veianen, d'Nikloskapell, d'Kapell Notre-Dame (Bildchen) an d'Filialkierch vu Biwels.

D'Kierch steet zanter dem 24. Mäerz 1938 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.[1]

D'Kapell, déi 1770 gebaut gouf, huet d'Form vun engem Kräiz.[2]

Op der Plaz vun der Neikierch stoung ursprénglech eng Kapell, déi d'Awunner vu Veianen no der Peschtepidemie vu 1632 do opgeriicht haten, fir der Muttergottes an den zwee Peschthellegen, dem Rochus an dem Sebastian, Merci ze soen, datt si si virun der Pescht beschützt hätten. Nieft der Kapell waren och e puer Haisercher fir Peschtkranker an e klenge Kierfecht installéiert ginn. D'Rochuspressessioun (Roukipressioun), déi hautdesdaags bei d'Bildche-Kapell geet, ass bis Mëtt vum 19. Joerhonnert bei d'Peschtkapell bei der Our resp. bei d'Rochuskapell gaangen.[3]

  • Pierre Bassing: Vianden in seinen Kirchen, Kapellen und sakralen Kunstschätzen, Veiner Geschichtsfrënn, 1983
  • Schmitt Michel: Die Viandener Kirchen und Kapellen, 31 S., Regensburg 1997 (Kleine Kunstführer, Nr. 2309)
Commons: Rochuskapell vu Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. Edmond de la Fontaine, 1885. Vianden et ses environs. L. Schamburger, Luxembourg, 67 S. / id.: In: Dicks (Edmond de la Fontaine): Gesamtwierk, Band IV. P. Krippler-Muller, Luxembourg 1984, S. 73-118.
  3. Henri Kugener, 2008. Aeskulap in Vianden. In: Ous der Veiner Geschicht, Nr. 26(2008), S. 27-39. [1]