Op den Inhalt sprangen

Niklosbierg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Niklosbierg
Niklosbärig
De Lieu-dit an de Parking um Niklosbierg (2008)
An anere Sproochen fr: Niederwiltz
de: Niederwiltz
Land Lëtzebuerg
Kanton Veianen
Gemeng Veianen
Tandel
Pëtschent
Buergermeeschter

François Weyrich


Carole Gils
Fabienne Huberty
Héicht 470 m
Koordinaten 49°56'31,992"N, 6°10'10,992"O

Kaart

D'Trap déi op den Aussiichtstuerm iwwer de Basengen eropféiert

Den Niklosbierg (lokal: Niklosbärig[1]) ass e Lieu-dit an e 497 m héije Bierg 2 km westnordwestlech vu Veianen, um Bord vum CR322.

Um Niklosbierg goufen ufangs vun den 1960er-Joren déi zwéin iewescht Basenge vum Pompelspäicherwierk vun der Our ugeluecht. D'Basenge leie gréisstendeels an der Gemeng Veianen, kleng Deeler an de Gemengen Tandel a Pëtschent.

Den Däich, déi ronderëm d'Basenge leeft, ass 4,6 km laang. D'Basengen hunn e Volume vu 7,2 Mio m3. De Wee, op der Kroun vum Däich, ass op enger Héicht vu 511 Meter.

Et kann een déi Basenge kucke goen, et fiert e Bus vu Veianen aus op den Niklosbierg, wou och e Parking ass. Vum Parking aus féiert eng Trap erop op en Aussiichtstuerm iwwer dem Baseng. Den exakt 5 km laangen Tour ronderëm d'Basengen ass e beléiften Trëppeltour an Joggingsparcours mat schéine Vuen op d'Géigend ronderëm.

Vue op e Baseng vum Pompelspäicherwierk
Den Niklosbierg vum Groesteen aus gesinn - 1.04.2008
 Commons: Niklosbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien
 Commons: Pompelspäicherwierk – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt de 14.06.2020.