Bommenzinnes

De Bommenzinnes ass an der Lëtzebuerger Ëmgangssprooch den Numm vum Jang vun Nepomuk[1], deen am Joerzéngt 1340-1349 als Jan Welflin oder Wolfflin zu Pomuk[2] bei Pilsen a Béimen op d'Welt koum, an den 20. Mäerz 1393 zu Prag gestuerwen ass. Hie war e béimesche Geeschtlechen.
D'Legend[änneren | Quelltext änneren]
De Bommenzinnes war, der Legend no, e béimesche Rechtsgeléierten, deen am 14. Joerhonnert zu Prag Generalvikar war. Ënner der Herrschaft vum Wenzel II. gouf en den 20. Mäerz 1393 zu Prag vun der Karlsbréck erof an d'Moldau gehäit, well e beim Kinnek an Ongnod gefall war. Op der Bréck steet haut nach seng Statu. Hien ass am Väitsdoum zu Prag begruewen.
De Patréiner[änneren | Quelltext änneren]
Den 19. Mäerz 1728 gouf hie vum Poopst Benedikt XIII. helleggesprach an hie gëllt zanterhier als Patréiner géint Waasserschied a géint Diffamatiounen.
Statuen a Biller zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- Aasselbuer: Nieft der Bréck op der Aasselbuerer Millen
- Hiefenech: op der Kartusch iwwer engem Beichtstull an der Kierch
- Rouderssen: Bréck op der Dörnauelsmillen
- Stad Lëtzebuerg:
- Kathedral: op engem Beichtstull an der Sakristei. D'Statu war fréier emol an der Nikloskierch.
- Méchelskierch: e Bild op deem hien, dem Wenzel seng Fra a säin Doud an der Moldau ze gesi sinn.
- Rouscht: um Ilôt du Rost hanner dem Palais am Haff vum Café Art' Scène steet zanter dem 10. Oktober 1995 eng Kopie vun der Bommenzinnes-Statu, déi nach ëmmer do stoung. Den Original steet an der Strocke-Kapell.[3]
- Strocke-Kapell op der Tréierer-Strooss
- Veianen: Statu an der Mëtt vun der Bréck. Der So no dréit de Bommenzinnes sech dräimol ëm, wann et Hallefnuecht schléit.
- Wolz: Statu um Maartkräiz
Am noen Ausland
Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]
-
De Bommenzinnes um Rouscht an der Stad Lëtzebuerg.
-
Landshut, Däitschland.
-
D'Statu bei der Aasselbuerer Millen.
-
D'Statu op der Bréck op der Dörnauelsmillen.
-
Iwwer dem Beichtstull zu Hiefenech.
-
De Bommenzinnes op der Bréck zu Irrsen.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Friedrich, Evy, 1985. Kalennerblieder. Virwuert vum Directeur Général vu Radio-Lëtzebuerg Gust Graas. - Luxembourg: Verlag J. P. Krippler-Muller. 397 p. [Bommenzinnes: S. 85]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Bommenzinnes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- „De Bommenzinnes ass erëm um Rouscht“, 1995 Ons stad 50: 29
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ De.: Johannes Nepomuk, Johannes von Nepomuk; Fr.: Jean Népomucène; Cz.: Jan Nepomucký, Jan z Pomuku oder Jan z Nepomuku.
- ↑ Haut: Nepomuk.
- ↑ De Bommenzinnes ass zeréck. Luxemburger Wort vum 11. Oktober 1995. Cf. och: Chronik vor 15 Jahren: De Bommenzinnes ass zeréck, Luxemburger Wort vum 11. Oktober 2010, S. 35.