Käppessen
(Virugeleet vu(n) Keppeshausen)
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Keppeshausen lb: Käppessen | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees |
![]() |
Verbandsgemeng | Südeifel |
Awunner | 12 (30 September 2019) |
Fläch | 231 ha |
Héicht | 230 m |
Koordinaten | 49°57'48"N, 6°10'14"O |
Telefonszon | 06524 |
Postcode | 54673 |
Websäit | http://www.suedeifelinfo.de |
![]() | |
Keppeshausen , op Lëtzebuergesch Käppessen, ass eng däitsch Uertsgemeng, bei där den ënneschten Deel duerch eng Grenzbréck iwwer d'Our, der Bréck vu Stolzebuerg mat Stolzebuerg verbonnen ass.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
Vun den 11 Haiser vun der Uertschaft leien der 9 direkt un der Our, déi aner zwee stinn eng véier Kilometer weider op der géier Strooss, déi a Richtung Waldhaff-Falkesteen an Neierbuerg féiert. Den ënneschten Deel vu Käppessen gehéiert zu der Par Stolzebuerg, deen iewechten zur Par Rodershausen.
Politik[änneren | Quelltext änneren]
De Gemengerot vu Käppessen besteet aus sechs gewielte Gemengeréit an dem Buergermeeschter als President. Buergermeeschter zanter bal 30 Joer ass den Eduard Klasen, deen am ieweschtem Deel vun der Uertschaft e Baurerebetrib féiert.