Bréck vu Stolzebuerg
|
Bréck a Wier vu Stolzebuerg | |
| Geographie | |
|---|---|
| Land |
|
| Plaz |
|
| Flosskilometer | 20,080 |
| Koordinaten |
|
| Chronologie | |
| Baujoer | < 1815 |
| Zerstéiert | 1944 |
| Rekonstruktioun | 1956 |
| Ofgerappt | 1961 |
| Neibau | 1963 |
| Funktioun | |
| Benotzt als | Stroossebréck |
| Fuerspueren | 1 |
| Uschloss un |
|
| Féiert iwwer | Our |
| Technesch Detailer | |
| Bréckentyp | Dunnebréck |
| Längt tëscht Widderlager | 51,15 m |
| Felder/Béi | 3 |
| Feldbreet(en) | 16,00 - 16,00 - 13,65 m |
| Breet |
2,50 m (Fuerbunn) 4,30 m (iwwer alles) |
| Material | Arméierte Bëtong |
| Bemierkungen | |
| Bauhär | SEO |
| Ënnerhalt |
|
D'Bréck vu Stolzebuerg ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck mat engem Wier iwwer d'Our tëscht Stolzebuerg zu Lëtzebuerg a Käppessen an Däitschland.
Si ass 1963 a Betrib geholl ginn an huet eng Bréck ersat déi eréischt 1956 gebaut gi war.
Déi nei Bréck ass eng Dunne-Plackebréck aus arméiertem Bëtong mat 4 Dunnen iwwer déi zwee Felder iwwer dem Wier, an eng normal arméiert Bëtongsplack iwwer d'Feld dat op der däitscher Säit ustéisst. Se ass am arméierte Bëtong gebaut an ass 51,15 m laang. Déi 2 Feldwäiten um Damm sinn allen zwou 16 m laang.
D'Tëschewier iwwer dat d'Bréck féiert huet zwou automatesch gesteiert Wierpaarten, an am Wier lafen zwou Kaplanturbinne bei enger Waasserspigeldifferenz vun 3 Meter an engem Duerchfloss vun 2 Meter Kibb an der Sekonn pro Turbinn, woubäi all Turbinn 32,5 Kilowatt leescht.
D'Nopeschbrécke sinn d'Bréck vu Gemünd (flossop) an d'Foussgängerbréck bei der SEO (flossof).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bréck vu Stolzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |