Pont grande-duchesse Charlotte

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Pont grande-duchesse Charlotte
Rout Bréck
Luxembourg, Pont G-D Charlotte (5).jpg
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 37’ 04’’ N
06° 07’ 52’’ O
Iwwer Uelzecht-Dall
Funktioun Stroossebréck
Charakteristiken
Typ Huelkëschtendunnebréck op
Stäipen; Sprengwierk-Bréck
Längt 355 m
Felder
Breet 26,58 m
Héicht 74 m
Material Stol
Opgaangen/Ageweit 24. Oktober 1966
Architekt(en) Egon Jux

Pont grande-duchesse Charlotte (lb: Groussherzogin-Charlotte-Bréck) ass déi offiziell Bezeechnung vun der Rouder Bréck an der Stad Lëtzebuerg. Et handelt sech em eng stole Sprengwierk-Bréck déi den Uelzecht-Dall iwwerspaant an de Glacis um Lampertsbierg mam Kierchbierger Plateau verbënnt.

D'Bréck mat enger Héicht vum 74 m ass no der Grande-Duchesse Charlotte genannt an 1966 ageweit ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de 25. Mäerz 1957 den Traité vu Roum ënnerschriwwen an domat d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft gegrënnt gi war, goufen déi éischt europäesch Verwaltungen opgebaut an et huet sech séier d'Fro gestallt, wou dës Verwaltungen installéiert sollte ginn. 1965 huet Lëtzebuerger Regierung dunn e Concours ausgeschriwwe fir eng Bréck iwwer den Uelzecht-Dall ze bauen an domatter d'Stad um direkte Wee mam Kierchbierg ze verbannen, wou déi nei Verwaltungen hikomme sollten. Et goufen am ganzen 68 Projeten agereecht an de Jury huet sech 1958 fir de Projet vun enger Huelkëschtendunnebréck op Stäipe vum Egon Jux decidéiert[1].

D'Aarbechte fir d'Bréck hunn am Mee 1962 ugefaangen, de Grondstee gouf den 20. Juni 1963 geluecht an s'ass de 24. Oktober 1966 ageweit ginn. D'Bréck gouf vu Rheinstahl Union Brückenbau AG (Dortmund), Socol (Bréissel) an John Think (Déifferdeng) gebaut[1].

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Coupe vun der Bréck virun...
... an no der Renovatioun.

D'Rout Bréck ass 355 m laang, 26,58 m breet[2], a weit am Ganzen iwwer 4.900 Tonnen, dovu 4.185 Tonne Stol. D'Stäipen deelen d'Bréck an dräi Felder vu 95,42 - 152,56 - 107,02 Meter.

Am Cahier des charges waren d'Moosse vun der Bréck mat 2 x 7,50 m fir den Autosverkéier, enger Mëttelinsel vun 2 m, zwéin Trëttoire vun 2,25 m an zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesinn. Déi ursprénglech Vëlospistë goufe sengerzäit awer zugonschte vum Autostrafic geaffert[1].

Renovéierung[änneren | Quelltext änneren]

1989 gouf d'Bréck eng éischt Kéier nei ugestrach, well déi rout Faarf verblatzt war.

Wärend de Renovéierungsaarbechten, Januar 2016.

Am Oktober 2015 hu Renovéierungs- a Moderniséierungsaarbechten ugefaangen, déi bis Enn Summer 2017 gedauert hunn: d'Bréck gouf ëm ronn 1,5 Meter méi breet gemaach, sou datt Plaz ass fir eng duebel Spur fir den Tram, 2 Bunnen an all Richtung fir de motoriséierte Verkéier an 2 Trëttoire fir Foussgänger a Vëlosfuerer. Ënner anerem gouf den Tablier verstäerkt, an den Huelkëschte sinn zousätzlech Verstriewungen ugeschweesst ginn an de klassesche Stroossebelag („Macadam“) gouf duerch e méi dënne Sandwich plate system ersat, fir Gewiicht ze spueren.

D'Plexiglas-Panneauen an dat aalt Gelänner goufen duerch en neit Gelänner ersat. Des weidere gouf d'Beliichtung nei gemaach an d'Bréck krut en neie rouden Ustrach. Alles an allem ware fir dës Aarbechten eng 40 Milliounen Euro virgesinn[3][4][5].

Enn Juli 2017 goufen d'Schinne fir den Tram geluecht[6] an e Joer méi spéit, de 27. Juli 2018 ass den Tram fir d'éischt mat Passagéier iwwer d'Bréck gefuer.

D'Renovatiounsaarbechten déi am Optrag vum Fonds du Kirchberg vum Fotograf Romain Girtgen dokumentéiert goufen, goufen dem Public an enger Ausstellung am September/Oktober 2018 virgestallt an an engem Buch verëffentlecht[7].

Gelänner[änneren | Quelltext änneren]

Dat neit Gelänner mat integréierter Beliichtung.

Wéinst hirer Héicht hat dës Bréck jorelaang eng makaber Unzéiungskraaft fir Leit, déi hirem Liewen en Enn maache wollten. Eréischt 1993[8] gouf eng Anlag aus Plexiglas op deenen zwou Säiten ubruecht, déi et quasi onméiglech gemaacht huet, driwwer ze klammen. Dëst geschouch, nodeem et souguer e vill beuechten Dokumentarfilm (Le pont rouge) doriwwer gouf, deen déi tragesch Ëmstänn aus der Perspektiv vun de Leit beschriwwen huet, deenen hir Haiser ënner der Bréck stinn.

Am Kader vun de Renovatiouns- a Verbreedungsaarbechte gouf 2013 vum Fonds du Kirchberg eng Consultation restreinte ausgeschriwwe fir datt déi "nei" Rout Bréck nees e Gelänner kréie soll, déi hirer würdeg wier. Dat neit Gelänner sollt kohärent mat der Architektur vun der Bréck sinn, ma och d'Notze fir d'Foussgänger an d'Cycliste sollt mat an d'Iwwerleeungen fir dat neit Gelänner mat afléissen.

Dat neit Gelänner gouf vum Lëtzebuerger Ingenieur Laurent Ney konzipéiert. Am Gelänner integréiert ass en Virriichtung fir ze verhënneren, datt Objeten erof falen, et huet eng Anti-Suizid Funktioun an eng funktionell grad ewéi eng agreabel Beliichtung fir d'Ëmgéigend.

D'Anti-Suizid Funktioun ergëtt sech duerch d'Héicht vun de Lamellen déi 2,70 m iwwer dem Buedem leien, an hirer Schréi zum Trëttoir hin, wat et aussergewéinlech schwiereg mécht, driwwer ze klammen.

Um Gelänner ugemaacht ass och en Handlaf deen eng Breet vun 20 cm huet, wouduerch en de Foussgänger a Cyclisten och eng gewësse Sécherheet gëtt.

Déi rout Faarf vun der Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Vun Ufank u goufen et hëtzeg Diskussiounen a wat fir enger Faarf d'Bréck sollt ugestrach ginn. Et gouf sech deemools fir Rout decidéiert, ë. a. fir déi „harmonesch Linnen vun de Bréck ervir ze sträichen, absënns och bei schlechtem Wieder“[1]. D'Bréck ass karminrout (RAL 3002) ugestrach[9].

Dacks gouf fälschlecherweis ugeholl, d'Bréck wär mat Minium, engem Produit géint de Rascht traitéiert, wat hir hir Faarf géif ginn, wat awer net stëmmt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 2016. Rout Bréck. Pont Grande-Duchesse Charlotte. Heute vor 50 Jahren. Luxemburger Wort vum 24. Oktober 2016, S. 8-9.
  • Dessouroux, Christian: 2008: D'Rout Bréck. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 297-302. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Un grand pont métallique à Luxembourg, in "Acier = Stahl = Steel", September 1961 v. 26.
  • Fernández Troyano, Leonardo: Bridge engineering, Thomas Telford, London, ISBN 0727732153, 2003; S. 456.
  • Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg (Luxembourg), Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, ISBN 978-2-9599770-3-9, 2017
  • Hagon, Robert: Le pont Grande-Duchesse Charlotte à Luxembourg, in "Acier = Stahl = Steel", Juni 1965 v. 30.
  • Kinnen, Fred.: Wettbewerb für den Bau einer großen Talbrücke in der Stadt Luxemburg, in "Stahlbau", März 1964, n. 3 v. 33.
  • Quaranta, Arnaud: Le Passage (1. Ausgabe), Everest Communication, Luxemburg (Luxemburg), ISBN 287996976X, 1999; S. 132-133.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont grande-duchesse Charlotte – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Patrick Gillen, Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, S. 60-63 an der Literatur
  2. no der Renovatioun 2015-2017; ursprénglech 25,07 Meter breet
  3. "Vun Oktober u gëtt d'Rout Bréck 2 Meter méi breet gemaach." rtl.lu, 18.09.2015, 06:25:41.
  4. " 'Rout Bréck' bekommt komplettes Makeover." wort.lu, 2012
  5. Startschuss für zwei Jahre "Rout-Bréck"-Baustelle. Sanierung des Pont Grande-Duchesse Charlotte bringt neue Streckenführung mit sich. Luxemburger Wort vum 6. Oktober 2015, S. 20.
  6. "Erste Gleise auf der Roten Brücke." wort.lu, 25. Juli 2017, 17:45.
  7. Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017 an der Literatur.
  8. Laurent Ney, Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, S. 142-145 an der Literatur
  9. Marianne Brausch, Pont Grande-Duchesse Charlotte : 2015 - 2017, S. 218-220 an der Literatur