Frédéric Fischer junior

Vu Wikipedia
Frédéric Fischer junior
Gebuer 5. Mee 1810
Tréier
Gestuerwen 4. Januar 1871
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter
Member vun Section historique vum Institut grand-ducal, Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal

De Frédéric (Friedrich) Georges Alexandre Fischer junior, genannt Fritz Fischer, gebuer de 5. Mee 1810 zu Tréier a gestuerwen de 4. Januar 1871 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Apdikter an Naturwëssenschaftler.

Apdikter, Direkter vun der Gasfabréck an Naturwëssenschaftler[änneren | Quelltext änneren]

De Fréd. Fischer junior ass 1833 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn, wou hien dat selwecht Joer Schwanen-Apdikt um Krautmaart kaaft huet, déi hien 1839 an d'Fleeschiergaass verluecht huet. 1857 ass hie Proprietär vun der Stater Gasfabréck ginn, déi 1838/39 an der Helleggeeschtstrooss installéiert gi war, an déi hien zanter 1847 geleet huet. Si huet d'Luuchte vun der Stad mat Gas versuergt.

De Fischer junior ass 1861 naturaliséiert ginn.

Hie war Grënnungsmember vun der Société des sciences naturelles a vun der Société des sciences médicales. Hie war och Member vun der Société archéologique.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Fischer huet an dem Bulletin vun der Société des sciences naturelles eng Rëtsch Artikele publizéiert, déi mat Geologie an ëffentlecher Hygiène ze dinn haten.

  • Beobachtungen und Ansichten über die Bildung der Bohnerze im Großherzogthum Luxemburg (1853, t. 1, S. 105-122).
  • Description des minerais de fer dans le grand-duché de Luxembourg (1854, t. 2, S. 154-181).
  • Sur les pierres et blocs erratiques du Grand-Duché (1855, t. 3, S. 212-214).
  • Le grès de Luxembourg exploité comme minerai de fer (1855, t. 3, S. 214).
  • Mineralreichthümer unseres Landes (1857, t. 4, S. 106-119).
  • Beobachtungen über Lokaleinflüsse, welche der Gesundheit schädlich zu sein scheinen (1857, t. 4, S. 145-150).
  • Suite de Recherches et observations sur les causes d'insalubrité de certaines eaux de notre ville et des environs et Essai d'explication pourquoi telles localités, telles contrées, tels pays entiers sont plus exposés aux maladies paludéennes et putrides, telles que fièvre intermittente, fièvre nerveuse, typhus, fièvre jaune, etc., etc. (1862, t. 5, S. 43-51).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]