Miloš Forman

Vu Wikipedia
Miloš Forman
Gebuertsnumm Jan Tomáš Forman
Gebuer 18. Februar 1932
Gestuerwen 13. Abrëll 2018
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit USA, Tschechoslowakei, Tschechesch Republik
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Schauspiller, Dramatiker, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Regisseur
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Scouten
Famill
Bestuet mat Jana Brejchová
Papp Otto Kohn
Kanner Matěj Forman

De Jan Tomáš ("Miloš") Forman, gebuer den 18. Februar 1932 zu Čáslav, Tschechoslowakei, a gestuerwen den 13. Abrëll 2018 zu Danbury, am Connecticut, war en amerikanesche Regisseur mat tschecheschen Originnen.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Forman huet seng Elteren, déi an der Resistenz waren, als Kand verluer, si waren op Auschwitz, resp. Buchenwald deportéiert ginn. Hie gouf vu senger Famill groussgezunn a goung op Poděbrady an en Internat. Nom Lycée huet en op der Prager Akademie vun de Musesche Konschten, Fakultéit fir Film an Televisioun (FAMU) studéiert. Ufanks vun den 1960er Jore war hien ee vun den Haaptleit vun der tchechescher Neier Well, säin éischte Spillfilm Černý Petr ("Schwaarze Péiter") hat Succès op Filmfestivallen. Säi Film Hoří, má panenko (däitschen Titel: Der Feuerwehrball) gouf verbueden, well e weist, wéi duerch Fonctionnairen, déi sech domm ustellen an iwwerall amëschen, op engem Bal alles schif geet.

Wéi 1968 d'Prager Fréjoer duerch den Amarsch vun den Truppe vum Warschauer Pakt ermëlzt gouf, war de Forman grad zu Paräis. Ënner dem Pretext, hien hätt illegal d'Land verlooss, gouf hien ausgebiergert. Hie goung an d'USA a krut 1975 déi amerikanesch Nationalitéit.

1975 gouf seng Verfilmung vum Ken Kesey sengem Roman One Flew Over the Cuckoo's Nest mam Jack Nicholson an der Haaptroll mat fënnef Oscaren ausgezeechent. Nach méi Succès hat seng Verfilmung vum Peter Shaffer sengem Theaterstéck Amadeus, deen 1985 aacht Oscare krut.

Dem Forman seng Filmer handelen dacks vu Leit, meeschtens Kënschtler, déi mat hirem Nonkonformismus unecken an entweeder mat oder ouni Succès géint de Konformitéitsdrock vun der Gesellschaft ukämfen, dorënner eng Retsch historesch Perséinlechkeeten (de Wolfgang Amadeus Mozart, de Larry Flynt, den Andy Kaufman an de Francisco de Goya).

De Forman huet och an e puer Filmer kleng Rolle gespillt, z. B. an Heartburn oder Keeping the Faith.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur

  • 1960: Laterna magika II
  • 1963: Konkurs
  • 1963: Kdyby ty muziky nebyly (Kuerzfilm)
  • 1963: Černý Petr
  • 1965: Lásky jedné plavovlásky
  • 1966: Dobře placená procházka
  • 1967: Hoří, má panenko
  • 1971: I Miss Sonia Henie
  • 1971: Taking Off
  • 1973: Visions of Eight
  • 1975: One Flew Over the Cuckoo's Nest
  • 1979: Hair
  • 1981: Ragtime
  • 1984: Amadeus
  • 1989: Valmont
  • 1996: The People vs. Larry Flynt
  • 1999: Man on the Moon
  • 2006: Goya's Ghosts

als Schauspiller

  • 2000: Keeping the Faith

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]