Francisco de Goya

Vu Wikipedia
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Francisco de Goya
Gebuer 30. Mäerz 1746
Fuendetodos
Gestuerwen 16. Abrëll 1828
Bordeaux
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Moler, Graveur, Aquafortist, Zeechner
Famill
Papp José Benito de Goya y Franque
Mamm Gracia de Lucientes y Salvador
Dem Goya säi Gebuertshaus

De Francisco de Goya (Francisco José de Goya y Lucientes), gebuer den 30. Mäerz 1746 zu Fuendetodos, am Aragón a gestuerwen de 16. Abrëll 1828 zu Bordeaux, war e spuenesche Moler a Graphiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

1746 gouf de Goya als Jong vum José Goya a vun der Engracia Lucientes zu Fuendetodos bei Saragossa gebuer.

De Goya huet fir d'éischt beim José Luzan zu Saragossa geléiert, duerno ass hien an Italie gaangen an huet do wärend senger Léierzäit d'Technik vun der Freskemolerei studéiert. 1771 ass hien erëm komm an huet sech zu Madrid installéiert.

1775 huet hie sech mat der Josefa Bayeu bestuet.

Vun 1776 un huet de Goya fir den Anton Raphael Mengs Teppecher entworf an déi deemoleg Palaisen El Prado an El Escorial dekoréiert.

Gläichzäiteg war de Goya Portraitist vum spueneschen Haff an huet do beim Adel Carrière gemaach. Hie gouf Member, duerno Direkter vun der kinneklecher Akademie a 1786 Moler vum Kinnek.

1792 huet hien duerch eng schwéier Krankheet säi Gehéier verluer.

Spuenien stoung vun 1808 bis 1814 ënner napoleonescher Herrschaft. Aus Angscht viru politescher Verfollgung vun der restauréierter spuenescher Monarchie, geet de liberale Goya 1824 an den Exil a Frankräich.

De 16. Abrëll 1828 stierft hien zu Bordeaux.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Stèle vum Goya vis-à-vis vu sengem Gebuertshaus
La Maja Desnuda. Museo del Prado
La Maja Vestida. Museo del Prado
Tres de Mayo (1808). Museo del Prado
Viejos comiendo sopa (Aler déi Zopp iessen). Museo del Prado

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Francisco de Goya – Biller, Videoen oder Audiodateien