Kurfürst

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Kurfürste wielen den Heinrich vu Lëtzebuerg zum Kinnek (Codex Balduineus, ëm 1340).

E Kurfürst (lat.: princeps elector imperii, fr.: prince-électeur) war ee vun den am Ufank siwen, dono néng, an um Enn zéng Fürste vum Hellege Réimesche Räich, déi zanter dem 13. Joerhonnert exklusiv d'Recht haten, de réimesch-däitsche Kinnek ze wielen (vgl. Mhd.: kure - "Wal"). Traditionnel war mam Kinnekstitel den Usproch verbonnen, vum Poopst zum réimesch-däitsche Keeser gekréint ze ginn.

Am Mëttelalter an an der fréier Neizäit waren et siwen, dono néng Reichsfürsten, déi am Walcollège waren. All Kurfürst hat den Titel vun engem sougenannten Äerzamt (a Klameren hannendrun):

dräi geeschtlech Fürstbëscheef,

souwéi véier Fürsten,

Am 17. goufen zwéi weider Fürsten zu Kurfürsten ernannt:

Wéi Bayern 1777 duerch Ierfschaft un de Pfalzgof bei Rhein iwwergoung, gouf fir d'Pfalz d'Kur-Fonctioun ofgeschaaft, iwwerdeems Bayern se behalen huet. Mam Reichsdeputationshauptschluss vun 1803 goufen déi geeschtlech Kure vu Köln an Tréier ofgeschaaft, de Kuräerzkanzler krut als Ersatz fir Mainz (dat d'Fransousen eruewert haten) dat nei geschafe Fürstentum Regensburg. Véier Reichsfürsten kruten iwwerdeems eng nei Kurwierd. Dat waren:

Nodeems d'Herzogtum Salzburg am Fridde vu Bratislava 1805 un d'Keesertum Éisträich gefall war, gouf dat nei geschafen Groussherzogtum Würzburg e Kurherzogtum. Mä all dat hat schonn 1806, wéi d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun opgeléist gouf, keng Bedeitung méi.