Traité vu Rijswijk

Vu Wikipedia
Friddensverhandlunge vu Rijswijk 1697.

Den Traité oder Fridde vu Rijswijk (fr.: Ryswick) ass en Ensembel vun Traitéen aus dem Joer 1697, mat deem de Krich vun der Augsburger Liga (de: Pfälzischer Erbfolgekrieg) op en Enn bruecht gouf.

Nodeems d'Kinnekräich Frankräich ënner dem Louis XIV. 1688 d'Pfalz eruewert huet, mat der Begrënnung hien hätt do en Ierfrecht drop, koum et zum Krich ëm d'Ierffolleg vun der Pfalz. Him stoungen d'Länner vun der Augsburger Allianz (oder Augsburger Liga) géintiwwer, déi de Keeser Leopold I., d'Kinneke Carlos II. vu Spuenien an de Karl XI. vu Schweeden, de Kurfürst Maximilian II. Emanuel vu Bayern a Membere vum fränkeschen an uewerräinesche Räichskrees zesummegefouert huet.

Am Mee 1689 ass och nach de Wilhelm III. vun Oranien, dee Kinnek vun England a Statthalter vun der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënze war, derbäikomm, soudatt aus der Augsburger Liga d'Grouss Allianz vu Wien gouf.

Verträg[änneren | Quelltext änneren]

De Fridde vu Rijswijk besteet aus Eenzeltraitéen tëscht de virege Krichsparteien.

  1. deen tëschent Frankräich an England (20. September 1697) an deem d'Enn vum Krich festehale gouf, d'Zeréckginn vun den eruewerten Territoiren, d'Unerkenne vum Wilhelm III. als Kinnek von England duerch Frankräich, d'Versprieche vu Frankräich, dëst mat Rou ze loossen.
  2. deen tëscht Frankräich an der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen (20. September 1697) um Enn vum Krich, Verzicht op all al an nei Uspréch, Pondichéry an Ostindien geet u Frankräich zeréck, En Handelsvertrag gëtt ofgeschloss.
  3. deen tëscht Frankräich a Spuenien (20. September 1697) um Enn vum Krich; ë. a. Barcelona, Girona, Roses, Bellver de Cerdanya (Comarca Cerdanya), Lëtzebuerg a Brabant ginn u Spuenien zeréck; Frankräich hält e puer Streecher laanscht d'katalounesche Grenz an de Weste vu St. Domingos; Dinant geet un de Bëschof vu Léck, d'Insel Ponza kritt den Herzog vu Parma.
  4. tëscht Frankräich an dem Keesert Leopold I. an dem Hellege Réimesche Räich (30. Oktober 1697)um Enn vum Krich; bis op d'Elsass muss Frankräich déi eruewert Territoiren zeréckginn, op d'Prënzbistum Léck zu Gonschte vum Kölner Kurfürst Joseph Clemens verzichten; D'Klärung wéi et mat der Ierfschaft vun der Pfalz virugeet, gëtt un de Poopst Innozenz XII. delegéiert, Stroossbuerg gëtt franséisch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmuth K.G. Rönnefarth: Konferenzen und Verträge. Vertrags-Ploetz. Ein Handbuch geschichtlich bedeutsamer Zusammenkünfte und Vereinbarungen. 3. Band. Teil 2: Neuere Zeit 1492–1914. 2. erweiterte und veränderte Auflage. Ploetz, Würzburg u. a. 1958.
  • [Heinz Duchhardt (Hrsg.): Der Friede von Rijswijk 1697. von Zabern, Mainz 1998, ISBN 3-8053-2522-3, (Veröffentlichungen des Instituts für Europäische Geschichte, Mainz Beiheft 47).
  • Heinz Schilling: Deutsche Geschichte. Band 6: Höfe und Allianzen – Deutschland 1648–1763. Siedler, Berlin 1998, ISBN 3-442-75523-9, (Siedler Taschenbuch 75523).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Traité vu Rijswijk – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikisource: de Fridde vu Rijswijk vum 30. Oktober 1697 – Quellentexter