Ernest Solvay

Vu Wikipedia
Ernest Solvay
Gebuertsnumm Ernest Gaston Joseph Solvay
Gebuer 16. Abrëll 1838
Gestuerwen 26. Mee 1922
Ixelles
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Chimist, Ingenieur, Politiker, Philanthrop, Industriellen
Partei Parti libéral
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie

Den Ernest Gaston Joseph Solvay, gebuer de 16. Abrëll 1838 zu Rebecq a gestuerwen de 26. Mee 1922 zu Ixelles, war e belsche Cheemiker, Industriellen a Philanthrop.

Hie gouf 1861 bekannt a räich wéinst senger Entdeckung der Solvay-Method, mat där ee Soda (Natriumcarbonat) fabrizéiere kann, e wichtegt Ausgangsprodukt an der Chimie an an der Industrie.

Hien huet doropshi mat sengem Brudder an aneren Associéën) d'Firma Solvay & Cie gegrënnt, an 1863 zu Couillet (haut an der Gemeng Charleroi) eng éischt Fabrick opgemaach. Bis 1872 huet hie seng Method perfektionéiert a se du patentéiere gelooss. Geschwënn dono goufe Fabricken, déi mat der Solvay-Method geschafft hunn, an de Vereenegte Staaten, dem Vereenegte Kinnekräich, an Däitschland an an Éisträich opgeriicht. Nach haut gëtt et 70 Fabricken uechter d'Welt, déi nom deem Procédé fonctionéieren.

Mat dem Räichtum, dat d'Patent him abruecht huet, huet hie sech ë. a. en herrschaftlech Schlass zu La Hulpe kaaft, ma hien huet och grouss Zomme fir philanthropesch Zwecker sprange gelooss, wourënner 1894 d'Grënnung vum Institut des Sciences Sociales (ISS) oder dem Institut fir Soziologie op der Université libre de Bruxelles (ULB), sou wéi och d'International Instituter fir Physik a Chimie, déi d'Solvay-Konferenzen organiséieren. 1903 huet hien d'Solvay Business School gegrënnt, déi och zu der ULB gehéiert.

Hie gouf zweemol an de belsche Senat gewielt (fir d'Liberal Partei) a krut géint d'Enn vu sengem Liewen den Éierentitel Ministre d'État. Zwou Uertschaften, wou Solvay-Fabricke stinn, nämlech Solvay, New York an Rosignano Solvay, krute säin Numm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bertrand, Louis, Ernest Solvay. Een hervormer op maatschappelijk gebied, Brussels, Agence Dechenne, 1918, 113 p.
  • Boianovsky, Mauro, Erreygers, Guido, Social comptabilism and pure credit systems. Solvay and Wicksell on monetary reform, in : Fontaine, Philippe, Leonard, Robert, (ed.), The experiment in the history of economics, London, Routledge, 2005, pp. 98–134.
  • Despy-Meyer, Andrée, Devriese Didier (ed.), Ernest Solvay et son temps, Brussels, Archives de l'ULB, 1997, 349 p.
  • Erreygers, Guido, The economic theories and social reform proposals of Ernest Solvay (1838–1922), in : Samuels, Warren J. (red.), European economists of the early 20th century, volume 1. Studies of neglected thinkers of Belgium, France, The Netherlands and Scandinavia, Cheltenham-Northampton, Edward Elgar, 1998, pp. 221–262.
  • Rapaille, Maxime, Solvay, un géant. Des rives de la Sambre aux confins de la terre, Bruxelles, Didier Hatier, 1989, 187 p.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ernest Solvay – Biller, Videoen oder Audiodateien