Senat (Belsch)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vue an de Senat

De Senat (Hollännesch: Senaat, Franséisch: Sénat, Däitsch: Senat) ass mat der Chamber eng vun zwou Kummere vum Federale Parlament vun der Belsch. En ass 1831 gegrënnt ginn an hat deemools deselwechte Pouvoir wéi d'Chamber. Zënterhier ass en awer e puermol reforméiert ginn, notamment 1993 an 2014.

Zënter 2014 ginn d'Senateuren net méi direkt vum Vollek gewielt, mä vun de Communautéiten an de regionale Parlamenter designéiert (50 Senateuren). Zousätzlech gëtt et 10 cooptéiert Senateuren.

Haut spillt de Senat just nach eng ënnergeuerdnet Roll am legislative Prozess.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Senat (Belsch) – Biller, Videoen oder Audiodateien