Loll Weber
| Loll Weber | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Charles-Lucien Weber |
| Gebuer |
30. Oktober 1934 Esch-Uelzecht |
| Gestuerwen |
16. Juni 2025 Ëlwen |
| Aktivitéit | Musekolog |
|
| |
De Charles-Lucien ("Loll") Weber, gebuer den 30. Oktober 1934 zu Esch-Uelzecht[1] a gestuerwen de 16. Juni 2025 zu Ëlwen[2], war e lëtzebuergesche Museksjournalist a -Kritiker.
De Loll Weber huet laang Joren als Chef de bureau bei der Arbed geschafft.
Vun 1959 un huet hie Musekskriticke fir d'Luxemburger Wort geschriwwen an duerno, vun 1960 bis 1962, fir d'Lëtzebuerger Land, ier en 1973 nees bei d'Wort gewiesselt ass. Do dernieft war de Loll Weber och Mataarbechter vun nos cahiers a vum radio 100,7. 2016 huet hie mam Schreiwen opgehalen.
De Loll Weber huet Musekswëssenschaft als Autodidakt geléiert, hat awer schonn als Schüler Musekstheorie an och Gei spille geléiert. Duerch de Pierre Cao huet hien d'Concertskritik entdeckt.
Hien huet och laang un enger Biographie vum Dirigent a Museker Pierre Cao geschafft; d'Biographie war awer bis zum Zäitpunkt vu sengem Doud nach net publizéiert ginn.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Weber, Loll, 2001. Vom Radioorchester zum "Orchestre philharmonique". ons stad 66, S. 17-21.
- Weber, Loll, 2014. Paul Ulveling, musicologue et homme d'esprit. En souvenir d'un homme de science intransigeant et d'une personnalité d'une grande culture. Die Warte Nr. 17|2439, S. 2. Bäilag vum Luxemburger Wort vum 6. Juni 2014.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- "Die Musik ist über mich hergefallen" - LW-Musikkritiker Loll Weber will nicht mehr über Konzerte schreiben, sondern sie „privat“ genießen, Interview mam Loll Weber am Luxemburger Wort vum 30. September 2016, S.19
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, S. 454.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 21. Juni 2025, S. 57
