Nicolas Kettel
Nicolas Kettel | |
---|---|
Gebuer |
17. Dezember 1925 Diddeleng |
Gestuerwen |
7. Abrëll 1960 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Den Nicolas Kettel oder Nic Kettel, gebuer de 17. Dezember 1925 zu Diddeleng a gestuerwen de 7. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Hien huet fir d'"Stade" zu Diddeleng a bei de Young Boys zu Dikrech gespillt a 57 Matcher an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.[2]
Hie war bei den Olympesche Spiller 1948 zu London dobäi an huet beim Match Lëtzebuerg - Jugoslawien (1-6) matgespillt.[3]
Hien ass de 7. Abrëll 1960 duerch en tragescht Autosaccident gestuerwen, an dem och den Nico Reiff an den Nico Schlesser ëm d'Liewe komm sinn.[4]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer