Op den Inhalt sprangen

Georges Thorn

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Georges Thorn
Gebuer 30. Oktober 1919
Gestuerwen 2. Juni 2017
Alter 97 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist
Fonctioun President vum Staatsrot vu Lëtzebuerg, Conseiller am Staatsrot

De Georges Thorn, gebuer den 30. Oktober 1919 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 2. Juni 2017[1], war e lëtzebuergesche Jurist, Affekot, Lokalpolitiker a fréiere President vum CFL-Verwaltungsrot a vum Staatsrot.

Vun 1949 bis 1951 war hie President vun der Conférence du jeune barreau a vun 1976 bis 1982 Gemengeconseiller an der Stad Lëtzebuerg.[2] 1967 gouf hie President vun de Foires Internationales de Luxembourg (FIL) als Vertrieder vum Groupement des industries sidérurgiques.[3] An den 1980er Jore war hien och an der Commission administrative vum Centre hospitalier de Luxembourg.

Karriär am Staatsrot

[änneren | Quelltext änneren]

Vum 15. Dezember 1976 bis den 1. Mäerz 1979 war hien eng éischt Kéier Member vum Staatsrot: hie war vun der LSAP virgeschloe ginn.[4] Den 12. November 1985 krut hien nees eng Nominatioun als Member vum Staatsrot, vun deem hien de 6. Juli 1987 Vizepresident gouf. Hie krut de 6. August 1988 eng Nominatioun als President vun deem Gremium an ass dat bis den 30. Oktober 1991 bliwwen, deem Dag, op deem hie wéinst dem Erreeche vun der Altersgrenz vun 72 Joer demissionéiert gouf.[1]

  1. 1 2 Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
  2. ↑ « Georges Thorn », in Alex Bodry et Ben Fayot (dir.), 120 Jor - Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber, Luxembourg, Edition La Mémoire Socialiste, 2016, p. 230.
  3. ↑ « FIL 1967 », Revue, 27 mai 1967, p. 16.
  4. ↑ « Der attraktive Staatsrat », Luxemburger Wort, 23 novembre 1976, p. 19.