Jean Krier (Ekonomist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ekonomist Jean Krier. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Jean Krier.
Jean Krier
Gebuer 21. August 1935
Gestuerwen 30. Oktober 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

De Jean Krier, gebuer den 21. August 1935 zu Rouspert, gestuerwen den 30. Oktober 2003 zu Amsterdam, war e lëtzebuergeschen Ekonomist a Banquier.

Hien huet op der Université catholique de Louvain studéiert, wou hien eng Licence en sciences commerciales et financières gemaach huet.

1962 ass hien op d'Banque internationale à Luxembourg komm, wou hien d'Departementer Marchés des capitaux a Private & Retail Banking geleet huet. Duerno, vun 1990 bis 1996, war hie Generaldirekter vun där Bank.

Vun 1988 bis 1992 war hie President vun der ABBL.

Bei der Bourse vu Lëtzebuerg war hie vun 1981 bis 1985 President vun der Commission de la bourse, vun 1985 bis 1991 a vun 1997 bis 2001 Member vum Verwaltungsrot, a vun 2001 bis zu sengem Doud am Joer 2003 President vum Verwaltungsrot.