Nicolas Mergen

Vu Wikipedia
Nicolas Mergen
Gebuer 30. Oktober 1825
Tandel
Gestuerwen 29. November 1903
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Nicolas Mergen, gebuer den 30. Oktober 1825 zu Tandel a gestuerwen den 29. November 1903 zu Dikrech, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.[1]

De 26. Oktober 1853 gouf hien als Affekot vereedegt.[1]

Den Nicolas Mergen goufe den 19. November 1866 an de Gemengerot vun der Gemeng Dikrech gewielt.[2] Hie war vun 1867[3] bis zu senger Demissioun 1880 Schäffe vun der Gemeng Dikrech.[4]

Den 8. Januar 1875 gouf den Nicolas Mergen als Deputéierte fir de Kanton Dikrech an d'Chamber gewielt [5] an hien huet säi Mandat bis den 9. Januar 1880 behal wéi hie President vum Tribunal d'arrondisssement zu Dikrech gouf.[6] Hie war op där Plaz bis zu senger Pensionéierung de 17. November 1897.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Bnl viewer. www.eluxemburgensia.lu. Bürger und B eamtenzeitung (12. Januar 1903) Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  2. Resultat vun de Gemengewalen zu Dikrech vum 19. November 1866. www.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (21. November 1866) Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  3. Jos Herr, Diekirch, november 1985 Säit 257
  4. Amtliches. www.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (9. Februar 1880) Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  5. Bnl viewer. www.eluxemburgensia.lu. L'indépendance luxembourgeoise (9. Januar 1875) Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2020-06-14.
  6. Memorial N°2 vun 1880 mam Arrêté du 16 janvier 1880, portant convocationdu collège électoral du canton de Diekirch, pour l'élection d'un député.
  7. Memorial N°26 vun 1883 - Legilux. legilux.public.lu. Avis. - Ordre de la Couronne de chêne. Gekuckt de(n) 2020-06-14.