Charles Pêtre
Ausgesinn
| Charles Pêtre | |
|---|---|
| Gebuer |
27. Mäerz 1828 Metz |
| Gestuerwen |
30. Oktober 1907 Bourges |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | École nationale supérieure des beaux-arts |
| Aktivitéit | Sculpteur |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
| Member vun | Société d'archéologie et d'histoire de la Moselle |
|
| |
De Charles Pêtre, gebuer de 27. Mäerz 1828 zu Metz, a gestuerwen den 30. Oktober 1907 zu Bourges, war e franséische Sculpteur.
Hie war Member vun der École de Metz, engem Artistegruppement dee vun 1834 bis 1870 bestanen huet.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Skulptur vum Monument Amalia (no enger Maquette vu sengem Schüler Jean-Antoine Injalbert), 1876 ageweit, Park, Stad Lëtzebuerg[1]
- Skulptur (Buste) Prënz Henri, 1880, (Chamber?)
- Skulptur Maréchal Ney, 1855-1859, 1860 ageweit, Jardin de l'Esplanade, Metz
- Skulptur La Naïade oder La Source, 1847 ageweit, Jardin de l'Esplanade, Metz
- Skulpturen Muses de la Tragédie, 1858, Opéra-théâtre, Metz
- Skulptur am Steen Saint-Louis, 1867, place Saint-Louis, Metz
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Charles Pêtre – Biller, Videoen oder Audiodateien |
