Op den Inhalt sprangen

Amalia-Monument

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Monument Amalia)
Amalia-Monument
D'Amalia-Monument am Stater Park
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Koordinaten 49°36'50,652"N, 6°7'27,790"O
Ageweit 30. Oktober 1876
Material Bronz
Kënschtler Charles Pêtre
Architekt Oscar Belanger, Tony Dutreux
Zu Éiere vun Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach

D'Amalia-Monument ass e Monument um Bord vum Park an der Stad Lëtzebuerg, dat un d'Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach erënnert.

Scho kuerz nom Doud vun der Prinzessin Amalia den 1. Mee 1872 goufen et Pläng fir hir e Monument opzeriichten. Eng ëffentlech Souscriptioun huet sech awer méi schwiereg erwisen, wéi geduecht. Dobäi koum, datt de Wëllem III. net begeeschtert war, datt enger Prinzessin, déi och nach dynastiefriem war, e Monument opgeriicht gi soll, virun engem aus der Dynastie vun den Oranier. Duerch déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, nodeems d'Chamber de Projet ofgeleent hat, konnt am Agank vum Park dëst Monument awer opgeriicht ginn.

D'Pläng an d'Dispositioun vum Monument goufe vun den Architekten Oscar Belanger an Tony Dutreux ausgeschafft. D'Standbild steet op engem sailenaartege Sockel an der Mëtt vun enger Exedra, engem nischenaartege Raum, vun 10m Duerchmiesser mat 2 Trapen. Den hënneschten Deel besteet aus enger Bänk mat den agravéierten Nimm vun den 12 Kantonen.

D'Skulptur aus Bronze gëllt offiziell als Wierk vum franséische Sculpteur Charles Pêtre. D'Maquette vun der Skulptur gouf awer vun deem sengem Schüler Jean-Antoine Injalbert ausgefouert[1].

D'Aweiung vum Monument war den 30. Oktober 1876. Et ass dat éischt Monument zu Lëtzebuerg, dat fir eng Fra opgeriicht gouf.

No enger Renovatioun vum Monument an enger Neigestaltung vun den Alentoure koum et den 21. Juni 2000 zu enger weiderer Aweiung bei där de Buergermeeschter Paul Helminger eng Ried gehalen huet.[2]

Lénks a riets vum Monument stinn zwou bemierkenswërt Sequoiaen. Nobäi ass och den Amaliabuer.

Commons: Monument Princesse Amélie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 09, S. 261
  2. Stater Chronik - Eine Prinzessin in neuem Glanz, 2000, In: Ons Stad Nr 64, S.30