Peter Green

Vu Wikipedia
Peter Green
Gebuertsnumm Peter Allen Greenbaum
Gebuer 29. Oktober 1946
London
Gestuerwen 25. Juli 2020
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Gittarist, Banjospiller, Lidderschreiwer, Sänger, Liddermécher
Member vun Fleetwood Mac

De Peter Green (fir richteg  Peter Allen Greenbaum), gebuer den 29. Oktober 1946 zu Bethnal Green, an England, a gestuerwen de  25. Juli 2020, war e brittesche Gittarist a Sänger. Hien huet virun allem an de spéiden 1960er Joren eng wichteg Roll an der Blues-, Rock- a Popzeen gespillt.

Bekannt war en als Solist, ma och als Matgrënner a Member vun der Band Fleetwood Mac a fir seng Zesummenaarbecht mam John Mayall. Tëscht dem Enn vun den 1970er Joren an 2004 ass hie mat der Peter Green Splinter Group opgetrueden.

Zu senge bekanntste Kompositiounen zielen Black Magic Woman (dat vu Santana gecovert gouf) an Albatross.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peter Green – Biller, Videoen oder Audiodateien