Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa

Den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa, och Verfassungstraité resp. -vertrag, Europäesch Verfassung resp. Europäesch Constitutioun, oder och nach Traité vu Roum (2004) genannt, war en internationalen Traité, deen zwar ënnerschriwwen, awer net komplett ratifizéiert gouf, an dofir net a Kraaft getrueden ass.
Säin Zil war et, eng konsolidéiert Verfassung fir d'Europäesch Unioun (EU) ze schafen. En hätt dann déi Traitéë vun der Europäescher Unioun, déi bis dohi gegollt hunn, vereenheetlecht an ersat, hätt der Europäesch Mënscherechtscharta e rechtlech verbindleche Status ginn an hätt d'Ofstëmmung no qualifizéierter Majoritéit op weider Politikberäicher ausgebreet, wou bis dohin Unanimitéit tëscht de Memberstaaten néideg war.
D'Iddi vun engem Verfaasungstraité geet op de Conseil vu Laeken vun 2001 zeréck, wou d'Staats- a Regierungscheffen e sougenannten Europäesche Konvent opgesat hunn, an deem Vertrieder vu verschiddene Länner a Partei vertruede sollte sinn, fir en Text auszeschaffen, deen d'EU op eng méi stabil Grondlag stelle sollt. Eraus koum 2003 den Entworf vun enger Europäescher Verfassung, a Form vun engem Traité.
Den Traité gouf den 29. Oktober 2004 zu Roum vu Vertrieder vun den deemools 25 Memberstaate vun der Europäescher Unioun feierlech ënnerschriwwen. Spéiderhin hunn 18 Memberstaaten duerch hir Parlamenter den Traité ratifizéiert, dorënner der zwéin, Spuenien a Lëtzebuerg (kuckt: Referendum vum 10. Juli 2005), wou dëst duerch e Referendum geschouch. Allerdéngs gouf den Traité och an zwee Länner, am Juni 2005, duerch Referendum ofgeleent, nämlech a Frankräich an an Holland, sou datt de Ratifikatiounsprozess stallgehale gouf.
Nodeems eng Zäitchen iwwerluecht gouf, wéi et sollt weidergoen, gouf en neien Traité opgesat, deen e bësse manner ambizéis sollt sinn, an deen, als Traité vu Lissabon, den 13. Dezember 2007 ënnerschriwwe gouf an den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Ënnerzeechnung A Kraft getrueden Traité |
1948 1948 Bréisseler Pakt |
1951 1952 CECA |
1954 1955 Paräisser Traitéen |
1957 1958 Roum |
1965 1967 Fusiouns- traité |
1986 1987 Acte unique |
1992 1993 Maastricht |
1997 1999 Amsterdam |
2001 2003 Nice |
2007 2009 Lissabon |
|||||||||||
Europäesch Communautéiten | Dräi Saile vun der Europäescher Unioun | ||||||||||||||||||||
Europäesch Atomgemeinschaft (Euratom) | → | ← | |||||||||||||||||||
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA) | Traité 2002 ausgelaf | Europäesch Unioun (EU) | |||||||||||||||||||
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Communautéit (EC) | ||||||||||||||||||||
→ | Justiz an Interieur (JI) | ||||||||||||||||||||
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | ← | ||||||||||||||||||||
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | → | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ← | ||||||||||||||||||
Westunioun (WU) | Westeuropäesch Unioun (WEU) | ||||||||||||||||||||
zum 1. Juli 2011 opgeléist | |||||||||||||||||||||