Lincent

Vu Wikipedia
Lincent
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Waremme
Awunner 3.292 (1. Januar 2018)
Fläch 1.475
Koordinaten 50° 42’ 45’’ N
      05° 02’ 10’’ O
Telefonszon 019
Postcode 4287
Websäit http://lincent.be

Lincent (op Wallounesch Lîssin an Hollännesch Lijsem) ass den Numm vun enger belscher Uertschaft a Gemeng an der Hesbaye, a Wallounien an der Provënz Léck.

Den 1. Juli 2004 hunn hei 2.956 Awunner op enger Fläch vu 14,66 km² gelieft.

Fréier war d'Gemeng iwwer d'Linn 147 un d'Eisebunnsnetz ugeschloss.

D'Gemeng war fréier haaptsächlech bekannt duerch den Tuffeau de Lincent en Tuffsteen deen an der Hesbaye op de Gemenge Lincent, Orp-Jauche an Hélécine bis kuerz nom Zweete Weltkrich ofgebaut gouf. Haut gëtt bei Restauratioune meeschtens awer de Maastrichter Tuff deen aus Steebréch vun der Montagne Saint-Pierre kënnt, gebraucht.

Aner Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lincent – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch St-Pierre.
Ale Bauerenhaff an der Uertschaft