Cheratte
Ausgesinn
| Cheratte | |
|---|---|
|
Vue op Cheratte | |
| Land | Belsch |
| Regioun |
|
| Communautéit |
|
| Provënz |
|
| Arrondissement | Visé |
| Gemeng |
|
| Koordinaten |
50° 41’ 03’’ N 5° 40’ 14’’ O |
| Postcode | 4602 |
|
| |

Cheratte (Wallounesch: Tcherate) ass eng Uertschaft a Sektioun vun der belscher Gemeng Visé, an der Provënz Léck, a Wallounien.
1878 gouf d'Uertschaft vu Barchon getrennt an eng eegestänneg Gemeng. Bei der belscher Gemengreform vun 1977 huet Cheratte zesumme mat Argenteau, Lanaye, Lixhe a Richelle mat der Gemeng Visé fusionéiert.
D'Duerf besteet aus 2 Deeler: Cheratte-Bas, am Dall vun der Meuse, a Cheratte-Hauteurs dat um Bord vum Plateau de Herve läit.
Cheratte ass bekannt fir seng fréier Kuelegrouf Hasard.
Bei der Uertschaft ass de Viaduc vu Cheratte, ënner deem d'E40/A3 aus dem Meuse-Dall erop op de Plateau de Herve féiert.
