Hamont-Achel

Vu Wikipedia
Hamont-Achel
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Limburg
Arrondissement Maaseik
Awunner 14.299 (1. Januar 2020)
Fläch 4 373
Koordinaten 51° 15’ 00’’ N
      05° 32’ 00’’ O
Telefonszon 011
Postcode 3930
Websäit http://www.hamont-achel.be/

Hamont-Achel ass eng belsch Stad a Gemeng an der flämeschsproocheger Communautéit an der Regioun Flandern, an der Provënz Limburg. D'Géigend ëm Hamont ass als d'Campine (nl:Kempen) bekannt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng ass 1975 bei der belscher Gemengereform aus den zwou Gemengen Hamont an Achel entstanen. An der Gemeng wunnen 13.898 Leit a si huet eng Fläch vun 43,73 km².

Hamont war bis 1366 eng vun de Gudde Stied an der Grofschaft Loon bis déi un de Fürstentum Léck ugeschloss gouf, duerno war et eng vun den 23 Bonnes villes am Fürstentum Léck.

1985 krut d'Gemeng den Titel Stad dee bei de Fusioun verluergaange war, nees frësch unerkannt.

Bis an d'19. Joerhonnert war Hamont de gréissten Zentrum am nërdleche Limburg, wou Tränteler gewunnt hunn, déi hiren Handel an Däitschland, Frankräich, an Holland, haaptsächlech mat Koffergeschier a Parzeläi gedriwwen hunn. Si waren normalerweis an der gudder Saison op der Rees, an an de Wanterméint ware se bei hire Famillen. Deen Handel hat der Gemeng e relativ gudde Wuelstand bruecht, an en ettlech schéin Träntelerhaiser sinn nach zu Hamont ze gesinn, wouvun der e puer ënner Monumenteschutz stinn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hamont-Achel – Biller, Videoen oder Audiodateien