Bréck vu Wandre

Vu Wikipedia
Bréck vu Wandre
Geographie
Land Belsch
Plaz Herstal - Wandre
Koordinaten 50° 40’ 26.84’’ N
      05° 38’ 36.73’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck (N 667)
Féiert iwwer Meuse
Albertkanal (Pk 3,220)
Infrabel-Linn 214
N671 (Herstal)
Quai du Halage (Wandre)
Technesch Detailer
Bréckentyp Schréiseelbréck
Totallängt 524 m
Felder/Béi 8
Feldbreet(en) 18 m - 40 m - 29 m - 29 m - 144 m - 30 m - 168 m - 66 m
Breet 22,30 (iwwer alles)
Héicht vum Pilier 95,50 m
Bemierkungen
Ersetzt Bréck vu Wandre vun 1947
Esperantobréck vun 1947
Bauhär Ministère wallon de l'équipement et des transports
Opgaangen 1989
Architekt(en)
Konzeptioun
Bureau R. Greisch
Entreprener Association momentanée FRANKI - C.E.I
S.B.B.M - SIX CONSTRUCT
D'Bréck vu Wandre, eng Säit vum Bëschel

D'Bréck vu Wandre mat enger Längt vu 524[1] m ass eng Bréck iwwer d'Meuse an iwwer den Albertkanal um Kanalkilometerpunkt 3,18. Si verbënnt Herstal mat Wandre an ersetzt zwou al Brécken (Déi al Bréck vu Wandre an d'Esperantobréck).

Et ass eng asymmetresch Schréiseelbréck a Bëschelform a gëtt vun engem ëmgedréinten Y-Pylon gedroen dee 95,50 m héich ass.

Hir Haaptdrowäite sinn 144 an 168 Meter an déi verschidde Feldwäite sinn: 18 m - 40 m - 29 m - 29 m - 144 m - 30 m - 168 m - 66 m.

Si hänkt an 38 Seeler an déi ofgespaant Längt ass 342 m. Si ass tëscht de Gelänneren tëscht 21.80 m an 22.10 m breet.

Si huet 12,6 Milliounen Euro kascht an ass 1989 ageweit ginn.

Si steet op der liste des biens classés vun der Provënz Léck zanter 1993.

Nopeschbrécke sinn d'Bréck vu Chertal, d'Monsin-Bréck an d'Bréck vu Milsaucy

De 6. Mee 1993 gouf se als Monument op der Lëscht vum Patrimoine exceptionnel de Wallonie agrdroen.

Geschicht vum Bau a vun de fréiere Brécken[änneren | Quelltext änneren]

Joerhonnertelaang gouf et tëscht Herstal a Wandre keng Bréck an de Passage iwwer d'Meuse ass mat Naachen a Ponte gemaach ginn. De Passage war op där Plaz wou spéider d'Brécke gebaut goufen. Deemno wéi d'Situatioun op der Meuse war, gouf et alt wochelaang keng direkt Verbindung tëscht den zwee Dierfer, déi noost Bréck, de Pont des Arches flossop, war 5 km ewech. Um Enn vum 19. Joerhonnert war d'Tatsaach datt et op der ënneschter Meuse keng direkt Verbindunge gouf, keng gutt Viraussetzung fir d'Expansioun vun der Industrie an deem Eck. De Bau vun den éischte Brécken op där Plaz iwwer d'Meuse an iwwer de Kanal Léck-Maastricht déi 1884 ageweit goufen, goung haaptsächlech op d'Initiativ vun der Industriellen an Händler zeréck, a gouf vum Premierminister Frère-Orban ënnerstëtzt. Déi Brécke ware ganz wichteg fir d'Kuelegrouwen déi do ronderëm louchen. Obscho se den Éischte Weltkrich gutt iwwerstanen haten huet den industriellen Opschwonk et mat sech bruecht, datt se haaptsächlech well se ze schmuel waren hu missen ersat ginn.

Déi zweet Generatioun goufe gläichzäiteg mam Albertkanal gebaut an 1937 a Betrib geholl. Se hunn awer net laang iwwerlieft, well beim däitschen Iwwerfall den 11. Mee 1940 hunn déi belsch Pionéier d'Brécken an d'Luucht gejot.

Déi drëtt Generatioun gouf an de Joren nom Zweete Weltkrich tëscht 1947 an 1948 gebaut. Charakteristesch fir déi Brécke war datt den Iwwerbau am arméierte Bëtong war amplaz vu metallene Skletter an Tabliere wéi bei de Brécke virdrun. D'Esperantobréck war eng Bowstringbréck an d'Bréck vu Wandre eng Ausleeërbréck. Well den Albertkanal op där Plaz mat enger Breet vu 35 Meter ze schmuel gi war, fir den Trafic mat méi grousse Schëffsgabaritten zouzeloossen, huet missen no enger Léisung gesicht ginn, dat ëmsou méi well de Kanal der Längt no knapps 10 % vun de belsche Waasserstroossen duerstellt, awer 35 % vum Trafic ophëlt. Fir datt e konnt op 85 Meter verbreet ginn huet missen eng nei Bréck hier.

Déi bescht Méiglechkeet dofir, war eng nei Bréck déi queesch e bësselche flossof vun den ale Brécken iwwer den Albertkanal an d'Meuse sollt goen. Dee Choix hat verschidden Avantagen:
1) Sou konnt den Trafic wärend dem Bau iwwer déi al Bréck weiderlafen. Dat war besonnesch wichteg fir déi vill lokal Geschäfter an Industrië laanscht d'Meuse an de Kanal.
2) Um lénksen Uwänner vum Kanal konnt eng nei véierspuereg Strooss gebaut ginn, fir den Zentrum vun Herstal vum Transitverkéier z'entlaaschten.
3) Et hunn nëmme ganz wéineg Expropriatioune misse gemaach ginn.

Déi wichtegst Bedingungen déi déi nei Bréck huet missen erfëlle waren:

  • Si huet missen iwwer den Albertkanal an d'Halterweeër féieren ouni Pilier am Kanalbett.
  • Si huet missen iwwer d'Meuse féieren a sech nëmmen op engem Pilier, 45 Meter vum rietsen Uwänner ofstäipen.
  • D'Stäip op der schmueler Mol tëscht dem Kanal an der Meuse huet misse sou gebaut ginn, datt den Zuchtrafic op der wichteger Industriestreck 214 fir an d'Schmelz vu Chertal net wärend dem Bau sollt behënnert sinn.
  • Et huet misse vun der Bréck aus e Stroossenaccès fir an Schmelz ugeluecht ginn.
  • se huet missen en fräi Héicht vu 7,50 Meter iwwer dem Waasser a vu 5,00 Meter iwwer de Gleiser hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bréck vu Wandre – Biller, Videoen oder Audiodateien
Bréck virdrun
Bréck vu Milsaucy
Brécken iwwer den Albertkanal Bréck duerno
Meusebréck vu Chertal

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Depliant Wallonie Travaux publics - Equipement