Bréck vu Milsaucy

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Bréck vum rietsen Uwänner vum Albertkanal gesinn.

D'Bréck vu Milsaucy ass eng Stroossebréck tëscht Léck an Herstal an der belscher Provënz Léck. Si verbënnt d'Nationale 671, déi do Boulevard Albert 1er heescht mat dem Lécker Hafen.

D'Bréck gouf de 6. November 1990 fir de Verkéier a Presenz vum André Baudson Ministre des Travaux Publics et de l'Équipement de Wallonie, opgemaach.

D'Bréck vu Milsaucy ass mat enger Totallängt vun 149 Meter, déi längst vun de Bowstringbrécken déi iwwer den Albertkanal gebaut goufen. Si ass 15,5 Meter breet, an huet zwou Fuerbunnen vun 3,5 Meter. D'Trëttoire sinn 2,20 m breet.

D'Säitestabilitéit vun de Béi gëtt duerch zwou einfach stole Konstruktiounen a Form vun engem Andreaskräiz garantéiert. Déi sinn op den zwou Säiten, all Kéier um éischte Véirel vun der Längt vum Bou ubruecht.

D'Bréck ass eng gemëschte Konstruktioun aus Stol a Bëtong. Den Tablier ass aus arméiertem Bëtong dee 25 cm déck ass. Et ass déi fënneft Bréck op der Plaz, well si ersetzt zwou Vierendeelbrécken déi 1939 gebaut goufen, am Zweete Weltkrich 1940 zerstéiert, an duerno 1945 erëm frësch opgeriicht goufen. Déi al Brécken haten eng Längt vu 57 respektiv 65 Meter, an haten tëscht dem Albertkanal an der Afaart vun der Monsin-Schleis e gemeinsamen Opleeër.

Déi nei Bréck war noutwenneg wéinst dem Ausbau vum Albertkanal fir Schëffer bis 9.000 Tonnen. Duerch deen Ausbau ass de Kanal deen op där Plaz 35 Meter breet war, op 85 Meter vergréissert ginn.

Bei der Verbreederung vum Kanal, an dem Bau vun der neier Bréck, hu musse vill Viraarbechte geleescht ginn. Et hu musse 650 Meter nei Däicher um lénksen Uwänner gebaut ginn, déi och der Entwécklung vun der Stad Léck ugepasst goufen. Et gouf en Drainagekanal an e Kanal fir knaschtegt Waasser mat agebaut. Um Bréckekapp flossopwäerts gouf e Siphon ënner dem Kanal gebaut fir d'Ofwässer op d'Monsin-Insel an eng Kläranlag ze leeden. Et gouf eng nei Strooss mat véier Bunne gebaut déi de Rond-point vu Coronmeuse mat dem Accès vun der Autobunn E40 zu Herstal verbonnen huet.

Den Tablier vun der Bréck gëtt vu verschlossene Kabele gedroen, déi aus galvaniséierte stole Seeler gebaut goufen. Trennwänn vum Typ New Jersey protegéieren Trëttoiren an d'Ophänkung vun der Bréck.

D'Béi vun der Bréck bestinn aus rechteckege stole Këschte vun 1,2 x 1,5 Meter. An de Këschte sinn Trapen, déi et méi einfach maachen, fir bei den Inspektiounen, oder beim Ersetze vun den Drokabelen op d'Plaz ze kommen. D'Maximalhéicht vun de Béi iwwer der Fuerbunn ass 24 Meter.

Déi eenzel Deeler vum Tablier goufe vun den Atelieren ABT vu Braine-le-Comte fabrizéiert an iwwer d'Strooss op d'Plaz bruecht. Do goufen se op Stécker vu 35 Meter Längt zesummegesat, a mat engem Schëffskran op hir definitiv Plaz bruecht, wou se fir zesummegeschweesst ze ginn, op eng stole Stee geluecht goufen.

Déi eenzel Deeler vum Bou goufe vun den Ateliere Buyck zu Eeklo fabrizéiert, a mat Ponten iwwer de Kanal bis op d'Plaz bruecht. Den Zesummebau gouf gläichzäiteg op den zwou Säiten ugefaangen. Fir d'éischt goufen op all Säit d'Ufanksstécker vum Bou op Béton-armés Bréckekäpp geluecht. Duerno goufe vu lénks no riets, no an no déi véier Deeler vum Tablier mat all Kéier enger Längt vu ronn 35 Meter op déi provisoresch Stee geluecht a matenenee vernitt, a mat HR Bullonge verschrauft. Als Lescht goufen déi sechs Deeler vum Bou opgeriicht a matenaner verstrieft.

D'Deenungsjointe goufe vun der Firma Maurer fabrizéiert a montéiert.

De Bauhär war d'Administration des Voies Hydrauliques, vertruede vun der Division de la Meuse D.233.

Déi grouss Aarbechte goufe vun der S.A. Richard vu Loncin gemaach, an d'stole Konstruktiounen vun der S.A. A.B.T, vu Braine-le-Comte a vun der S.A. Buyck vun Eeklo. D'Etüd vun der Statik gouf vum Büro René Greisch gemaach, an de Büro SECO vu Bréissel war fir d'Sécherheetskontroll zoustänneg.

Nopeschbrécke sinn d'Marexhe-Bréck, d'Bréck vu Wandre an d'Monsin-Bréck

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Crémer Jean-Marie: Les bow-strings en Belgique, am "Bulletin annuel de l'AFGC", 1999, n. 1 .