Siphon

Vu Wikipedia
E Siphon ënner engem Feldwee

Ee Siphon ass eng Virriichtung an enger Kanalisatioun wou keng Loft kann drakommen well en sou ugeluecht gëtt datt en ëmmer ganz ënnergedaucht ass.

Am Sanitärberäich gëtt en dofir agebaut fir dat kee schlechte Geroch aus de Kanalisatioune kann eropkommen.

Fréier si grouss Siphone vun de Réimer beim Bau vun hiren Aqueduce gebraucht gi fir keng ze héich Brécke brauchen ze bauen. (z. B. d'Aqueduc-Bréck zu Moret-sur-Loing wou de Siphon knapps 2600 m laang ass)

Beim Waassertransport an oppene Kanalisatiounen zum Beispill a Spuenie fir d'Uebstplantagen ze nätze kann ee se haut nach op Schratt an Tratt gesinn, iwwerall do wou sou ee Kanal eng Strooss schneit.

An der Speleologie fënnt ee Siphonen a Grottesystemer déi vun ënnerierdesche Waasserleef duerchzu sinn.

Ee Siphon ass awer och nach eng speziell Fläsch wou dat wat dran ass, ënner Drock steet soudatt een et kann eraussprëtzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Siphonen – Biller, Videoen oder Audiodateien