Lothaire II. vu Loutrengen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lothar II. vu Loutrengen)
Lothaire II. vu Loutrengen

De Lothaire (oder Lothar) II., gebuer ëm 825 a gestuerwen den 8. August 869, war Kinnek vu Lotharingien.

Säi Kinnekräich war deen nërdlechen Deel vum Lothaire I. vu Loutrengen sengem Räich, vun der Bourgogne erop bis op d'Nordmier

De Lothaire war den 2. Jong vum Lothaire I. an der Irmgard vun Tours.

Seng Fra Theutberga huet keng Kanner kënne kréien, soudatt de Lothaire se schliisslech, am Accord mat e puer Bëscheef, verstouss huet, fir sech 862 mat senger Maîtresse Waldrade ze bestueden. Mä d'Bridder vun der Kinnigin hunn de Poopst Nicolas I. dozou bruecht, dëst 2. Bestietnes z'annuléieren an d'Waldrade z'exkommunizéieren. De Lothaire ass extra op Roum gaangen, fir mam Poopst ze schwätzen, mä ass dann um Réckwee bei Piacenza gestuerwen.

Well d'Kanner aus sengem Bestietnes mat der Waldrade als Baaschterte gegollt hunn, gouf seng Ierfschaft, déi senge Bridder zoukomme sollt, tëscht senge Monnonken, dem Ludwig dem Däitschen an dem Charel dem Plakkapp, gedeelt. Dës geschouch am Traité vu Meerssen am Joer 870.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lothair II of Lotharingia – Biller, Videoen oder Audiodateien