Diskussioun:Belsch (Semantik)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Léiwen Här Chris (fir emol bei bei ärer Formuléierung ze bleiwen),

dir hutt op dem Robby seng Benotzersäit follgende Message placéiert:

Léiwen Här Robby,
Merci, datt Dir bei menger leschter "Kreatioun" ("Belsch" - Evolutioun vum Begrëff) méi genee oder sécher signaléiert hutt, datt do nach ee géng dru schaffen. Ech sinn elo an der Haaptsaach fäerdeg, an Dir kënnt d'Warnschëld gäre weghuelen. Villmols merci! Chris

Dozou ass Follgendes ze bemierken:

  • D'Benotzersäit ass geduecht fir dass de Benotzer sech selwer virstelle kann an ass net geduecht als Bréifkëscht, fir Messagen ze hannerloossen. Dofir ass d'Diskussiounssäit vum Benotzer virgesinn.
  • Dir schreift Dir wiert elo fäerdeg mat der Säit. Mä wie soll dann elo déi sëllechen orthographesch, grammatesch an Textformatéierungsfeeler verbesseren, ouni ze schwätze vun de ville falsche Wiki-Linken?
  • Ech schloe vir, Dir iwwerliest den Text nach eng Kéier a probéiert déi fälleg Verbesserungen selwer ze tätegen. An esoulaang steet d'Warnschëld och nach gutt do.
  • Duerno kënnt Der dann d'Warnschëld ( Schabloun: EnCours ) selwer eraushuelen.

Merci trotzdem fir ären Asaz. Pecalux 10:00, 12. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien och,

D'Schëld gouf duerch d'Iwwerschaffeschabloun ersat. An där steet dra wat eventuell net um Artikel stëmmt. Les Meloures 10:08, 12. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut alleguer! Ech fannen all déi Bemierkunge witzeg, zumol wann ee gesäit, wéivill ënner Belsch ze liese steet (vgl.: Geschicht, Geographie, asw.!). Elo gëtt een sech hier fir d'Saach e wéineg weiderzebréngen, an da ginn nëmmen esou konstruktiv Remarque vum Stapel gelooss! Ech mengen, lb:wikipedia ass just d'Saach vun e puer Sproochen-Ayatollah'en a Computer-Gecken... Dajee alt, wann der mech nët weider braucht, ech kann och ouni iech liewen. Iech an ären Dausende vu Spezialisten an alle Gebidder: bonne chance! Chris P.S.: Ech schwätzen hei nëmmen a mengem Numm, nët am Numm vu menge Co-Locatairen.

Moien och,

Fir de Chris:

Dir schéngt net bekäppt ze hunn wéiwill Aarbecht datt hei permanent vun de bis elo aktive Benotzer vun der Wikipedia geleescht ginn ass, an nach ëmmer geleescht gëtt fir datt de System och fir Iech funktionnéiert. Probéiert emol op enger aner Wiki, Artikelen déi sou voller Feeler a falsche Linke stinn ënnerzebréngen. Da gesitt der wéi laang dat geet. Dir wäert dach net mengen déi aner Benotzer wieren nëmmen do fir Botzfra ze spillen. Wann der et net fäerdeg bréngt fir en Artikel an engem eenegermoossen ordentleche Lëtzebuergesch ze schreiwen a korrekt Linken ze setzen da sidd der effektiv op der falscher Plaz. D'Wikipedia fonktionnéiert iwwer verschidde Prinzipen déi sollen agehale ginn, sooss geet op eemol näischt méi. Wann der dat net bekäppt da ka kee Benotzer héich erfreet iwwer Är Kollaboratioun sinn. Ech ginn elo mol an deen Artikel e bësselche verbesseren. Der kënnt jo dann duerno, wann Dir iech eng vireg Versioun eraussicht an dann op Ënnersched klickt, erausfanne wat alles verbessert gouf. Pierrenilles 13:34, 12. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien
spéider erstreckt sech d'Belgica och mol iwwert d'Géigend vum Mëttelrhäin bis an déi haiteg Schwäiz eran...
Als Mëttelrhäin gëtt geographesch d'Géigend tëscht Bingen a Bonn ugesinn. Do feelt dann awer nach e Batz bis an d'Schwäiz. Gouf deen Deel eng ronn 400 km dem Rhäin no och als Belgica bezeechent? Pierrenilles 09:48, 14. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Bonjour,

Belsch: Evolutioun vum Wuert a vu senge Varianten am Raum an an der Zäit

Gëtt et fir Evolutioun vum Wuert a vu senge Varianten am Raum an an der Zäit keen enzyklopesche Begrëff? 91.180.204.64 09:52, 14. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Ma sécher: "Belsch (diachron Semantik)" Ech froe mech awer, ob dat awer méi verständlech ass? Zinneke 11:59, 20. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]